AMMD bleift haartKonventioun mat CNS gëtt bis op Weideres net ënnerschriwwen

Pierre Jans
Den AMMD-President Chris Roller bleift bei der Positioun, bis d'Regierung den Dokteren hir Fuerderunge wëll ëmsetzen.
© Andy Brücker

D'AMMD ass zwar mam Text vun der neier Konventioun mat der CNS averstanen, wëll se awer net ënnerschreiwen. De President Chris Roller bleift bei der Positioun, bis d‘Regierung den Dokteren hir Fuerderunge wëll ëmsetzen. Dat huet hien RTL géintiwwer confirméiert.

Hir Revendicatioune wäre bekannt, seet de Chris Roller: eng Ouverture fir déi ambulant Agrëffer. Net just nëmme vun Aen an Dermatologie, mee iwwerhaapt wëll d‘AMMD, dass méi Medezin an de Cabinete ka gemaach ginn.

Entretemps géif et fir d'Dokteren och de Problem mat der Revalorisatioun vun der Lettre clé. Dat heescht d‘Tariffer, déi net no uewen ugepasst goufen. D‘AMMD plädéiert fir eng Tarifikatioun, déi den intellektuellen an techneschen Akte vun den Dokteren an hire Personalkäschten och Rechnung dréit.

Viru knapps sechs Méint haten d'Dokteren déi Konventioun mat der Gesondheetskeess gekënnegt. Wann déi nei net bannent enger Woch ënnerschriwwe gëtt, soll eng Mediatioun lancéiert ginn, esou d'CNS e Mëttwoch. Dem President vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun no wär déi Stand haut iwwerflësseg. Trotz positive Gespréicher an Aarbechtsgruppe rezent, gesäit de Chris Roller sech net Enn Mee am Numm vun der AMMD eng Ënnerschrëft ënner déi nei Konventioun setzen.

Geschwë sollen Dokteren, déi Garden respektiv Astreinten an de Spideeler realiséiert hunn, hir Gage dofir ausbezuelt kréien. Fir den AMMD-President ass et net ok, dass si ronn véier Méint op déi Entschiedegungen hu misse waarden. Dat léich dorun, dass et nach ëmmer keen etabléierte System dofir gëtt. Déi Konventioun muss all Joers nei negociéiert ginn. An dëst Joer hätt et schonn iwwer e Mount gedauert, bis d‘AMMD den Text kritt hätt. Virun zwou Wochen huet d'Dokteschassociatioun déi ënnerschriwwen, esou de Chris Roller.

Back to Top
CIM LOGO