D'CNS huet e Mëttwoch an engem Schreiwes matgedeelt, datt ee sech mat der Dokteschassociatioun AMMD op eng nei Konventioun gëeenegt hätt. Dat knapp en halleft Joer, nodeems d’Dokteren op den 30. Oktober zejoert d’Konventioun gekënnegt haten. 6 Méint hat een elo Zäit, fir en neien Accord auszehandelen, den Delai leeft Enn des Mounts aus. Duerno géif eng Mediatioun kommen.
Den Text fir déi nei Konventioun wier prett, sou d’Gesondheetskeess. Et géif ee just nach op d’Ënnerschrëft vun der Dokteschassociatioun waarden. D’AMMD wëll awer politesch Zousoen, hat hire President Chris Roller virun 3 Wochen am RTL-Interview gesot. Doriwwer gëtt den Ament an Aarbechtsgruppe mat der Gesondheetsministesch Martine Deprez diskutéiert.
Wéi kënnt een do virun? Komme "radikal Ännerungen", zum Beispill bei den Tariffer? Dat froe mer d'Ministesch en Donneschdeg de Moien. Si ass eis Invitée vun der Redaktioun. En anert Thema mat der Martine Deprez ass live am Interview um 8 Auer d’Affär Wilmes.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.