Dat sot den Direkter vun den Nout- a Rettungsdéngschter Paul Schroeder en Dënschdeg de Moie virun der Press bei der Presentatioun vum Joresbilan. Wann een am Detail géing kucken, géing een awer Variatioune gesinn. Esou gouf et tëscht Mäerz a Mee eng staark Baisse vun Interventioune par Rapport zu 2019. Allerdéngs wier dat, iwwert d’Joer gekuckt, kompenséiert ginn duerch vill Covid-spezifesch Asätz. D’Aktivitéit um 112 wier trotz Lockdown ongeféier d’selwecht bliwwen.
Campagne lancéiert
50 bis 60 Beruffspompjeeë sollen an den nächste Méint rekrutéiert ginn – dofir huet de CGDIS elo eng nei Campagne lancéiert. De Gros sinn nei Plazen, plus e puer Remplacementer vu Leit, déi an d’Pensioun ginn. D’Zuel vun Interventioune wier zejoert zwar net an d’Luucht gaangen, ma et wier een nach net beim Zil, bannent 15 Minutte vun engem Noutruff iwwerall am Land ze sinn. 2020 louch deen Taux bei 87 Prozent, sou de Joresbilan vum CGDIS. 2020 ware 7.268 Fräiwëlleger a Beruffspompjeeën engagéiert, liicht méi wéi dat Joer virdrun. Dat wier eng gutt Nouvelle, sou de CGDIS-Direkter Paul Schroeder, ma et misst een nuancéieren. D’Zuel vu Veterane wier zum Beispill relativ staark geklommen.
Paul Schroeder: „Dat ass doduerch z'erklären engersäits, datt et virdru bei der Protection civile keng Veterane ginn an duerch d'Gesetz hunn awer och déi Leit, déi virdru bei der Protection civile aktiv waren, am CGDIS de Statut vum Veteran ze kréien. Do sinn och vill Leit, déi dovu Gebrauch gemaach hunn. Anerersäits wëll ech och net verstoppen, datt natierlech duerch dee ganzen Ëmschwong an de CGDIS och eng Rei Leit gesot hunn, si wéilten dann elo ophalen a sinn dann an de Statut vum Veteran gewiesselt.“
Op där anerer Säit wier awer och d’Zuel vun de Fräiwëllege liicht geklommen.
D’Joer 2020 war da besonnesch gepräägt vun der Corona-Pandemie. Et hätt ee sech séier kënnen ëmstellen an och den Nopeschlänner hëllefen, wéi et bei hinne knapp gouf, rappelléiert d’Presidentin vum CGDIS Lydie Polfer.
„Dank ganz gudde Relatiounen och, déi se hate mat den Hëllefskräften och aus Frankräich an Däitschland, hu mer gehollef, déi Leit heihinner op Lëtzebuerg ze kréien, an dat huet déi Liene vu Solidaritéit a Frëndschaft, déi ee muss opbauen, fir selwer sou kompetent a sou gutt kënnen ze schaffe wéi méiglech, nach renforcéiert.“