
D'Fraisen, déi Loyere fir Butteker duerstellen, weien natierlech absënns schwéier a Krisenzäiten. Ma d'Stater Gemeng reagéiert, an huet decidéiert, datt all Loyere vu Lokalitéite fir Butteker, déi der Stater Gemeng gehéieren, de Locatairë wärend der Dauer vun der Kris wäerten nogelooss ginn. An der Stad sinn dat eng 30 Commercen oder Restauranten.
Dat huet d'Lydie Polfer en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview erkläert. Bei de Raimlechkeeten, déi der Stad net gehéieren, hofft si op d'Solidaritéit vun de Proprietären.
Et wier en och gutt opgestallt, fir Rechnunge séier ze bezuelen, sou d'Stater Buergermeeschtesch zum Appell vum Taina Bofferding a Franz Fayot, d'Gemengen sollen hier Rechnunge séier bezuelen, fir datt d'Betriber keng Liquiditéitsproblemer kréien.
D'Regierung soll awer och hier Verspriechen, d'Entreprisen ze ënnerstëtzen, anhalen. Déi essentiell Servicer vun der Stad géifen nach ëmmer all gutt funktionéieren, sief et Hygiène, Waasser, Biergerzenter asw.
D'Gemeng huet vill op Télétravail zeréckgegraff.
Wéinst der Coronakris gouf jo ënnert anerem den Nuetsmarathon ofgesot.
De Maart an der Stad bleift awer bis op Weideres op. Hei goufe jo déi néideg Precautioune getraff, fir datt ee sech net ustécht. Et wier net méi geféierlech wéi an engem Supermarché.
Och Esch zitt no, wat d'Erloosse vum Loyer ugeet, esou e Post vum Buergermeeschter Georges Mischo.

Am Kloertext: dëse Mount an déi aner Wochen oder Méint, an deenen offiziell den Etat de crise gëllt, muss kee Loyer un d'Stater an Escher Gemeng iwwerwise ginn.
Eng entspriechend Fuerderung haten e Méindeg am Nomëtteg och déi Lénk Sektioun Stad via e Bréif vun de Conseilleren David Wagner a Guy Foetz gestallt. De komplette Communiqué vun déi Lénk Stad kann een hei eroflueden.
Nëmmen eng Stonn drop hat den 1. Stater Schäffe Serge Wilmes via Facebook public gemaach, datt dëst wäert de Fall sinn, also dass d'Gemeng d'Loyere wärend der Kris noléisst.
En Dënschdeg de Moien, huet d'Diddelenger Gemeng matgedeelt, dass si déi selwecht Mesuren huelen, an och hire Locatoiren de Loyer erloossen.