Eng zweet Fra, eng 36 Joer al Lëtzebuergerin, gouf an d’Spidol bruecht.
De presuméierten Täter huet probéiert ze flüchten, konnt awer vun der Police an der Géigend Briddel/Stroossen gestallt ginn. De Parquet huet eng geriichtlech Enquête ugefrot, ënner anerem wéinst Mord, Doudschlag, versichtem Doudschlag a Coups et Blessures volontaires.
De Verdächtegen, e 27 Joer ale Mann, war um Mëttwoch virum Untersuchungsriichter. D’Verhéier leeft nach.
No aktuellen Erkenntnisser war keng weider Persoun an de Virfall verwéckelt.
De Verdächtegen ass net Famill mat den zwee Affer a bis ewell hätt och nach kee Lien tëscht him an den zwou Frae kënnen etabléiert ginn.
D’Ermëttlunge gi weidergefouert. De Parquet erënnert un de Respekt vun der Présomption d’innocence.
RTL-Informatiounen no huet d’Doudesaffer an enger Immobilien-Agence geschafft an de Virfall ass an enger Residence an der Avenue de la Faïencerie geschitt, an där eng Wunneng ze verlounen ass. Dat zweet Affer wier eng Nopesch aus deem selwechten Appartementshaus.
Wat sech genee an dësem Appartementshaus ofgespillt huet, gëtt ee vum Parquet am Schreiwes net gewuer.
Um Mëttwoch war et op alle Fall nees roueg am Sall am Haaptsëtz um Findel, wou d’Police gréisser Asätz koordinéiert. Et war séier kloer, dass et seriö wär.
De Bob Leesch, Direkter vun de Police-Operatiounen sot, datt “déi éischt Informatioun, déi mir haten, war, dass zwou Persoune mat engem Messer blesséiert goufen. Do muss ee vu grave Blessuren ausgoen. Deementspriechend hu mir eis opgestallt.“
Um 14.18 Auer war den éischten Noutruff. 20 Minutten drop hätt een de presuméierten Täter bei sengem Fluchtversuch gestallt gehat.
De Bob Leesch sot weider: “Op der Héicht vum Biergerkräiz ass deen Auto ugetraff ginn. Et waren och Patrulle scho méi wäit verdeelt. Déi Zäit muss ee jo mat arechnen a kucken, wéi wäit déi gesichte Persoun scho konnt kommen. Mir hunn de presuméierten Täter du gestallt a konnten e festhuelen.“
35 Patrullen, d’Police judiciaire, d’Police technique, och d’Spezialunitéit waren am Asaz. Deen huet nach bis an de spéiden Nomëtteg era gedauert. Et wollt ee sécherstellen, dass net nach aner Täter involvéiert waren, erkläert de Bob Leesch.