Messerattack um LampertsbiergAffer war Mataarbechterin vun Immobilienagence

Pierre Weimerskirch
Pierre Jans
En Dënschdeg de Mëtteg ass et um Lampertsbierg an engem Appartementshaus zu enger Messerpickerei komm.
© Domingos Oliveira

Eng Mataarbechterin vun enger Immobilienagence ass ëm d’Liewe komm, eng Nopesch gouf schwéier blesséiert. RTL-Informatiounen no ass et zum Tëschefall komm, wéi eng Fra an engem Appartementshaus* an der Avenue de la Faïencerie um Lampertsbierg war. Dat zweet Affer war eng Nopesch, déi am Gebai wunnt, si koum schwéier blesséiert an d’Spidol.

De Pressebüro vun der Police hat en Dënschdeg matgedeelt, dass den 113 géint 14.20 Auer zwou blesséiert Frae gemellt krut. Am fréien Owend koum d’Informatioun, dass eng Persoun ëm d’Liewe koum an d’Police e Mann gestallt huet. RTL-Informatiounen no handelt et sech bei dëser Fra ëm eng Mataarbechterin vun enger Immobilienagence, déi do fir eng Visitt war. Dem Republicain Lorrain no soll et sech ëm eng Fra aus dem franséischen Departement Moselle handelen. D’Wort schreift iwwerdeems, dass d’Police judicaire en Dënschdegowend en däischtere Renault Clio mat franséische Placken aus der Afaart vum Gebai ofschleefe gelooss huet.

D’Police hat mat engem groussen Dispositif no weidere méiglechen Täter gesicht. An enger Niewestrooss stoung e schwaarzen accidentéierten Auto. Den Täter gouf schliisslech zu Fouss am Raum Briddel/Koplescht vun der Police gestallt.

Op Nofro konnt de Parquet nach keng vun dësen Informatioune confirméieren, allerdéngs soll den Täter e Mëttwoch de Mëtteg virun den Untersuchungsriichter kommen. Wéi eise Reporter vun der Plaz, de Pierre Jans, da mellt, wieren e Mëttwoch géint d’Mëttesstonn och déi éischt Beamte vun der Police judiciaire op der Plaz ukomm, héchstwarscheinlech fir méiglech Zeien ze befroen.

Messerattack um Lampertsbierg: Explikatioune vum Pierre Jans vun der Plaz

Dësen Artikel gëtt iwwer den Dag aktualiséiert.

*An enger éischter Versioun hate mir geschriwwen, d’Dot wier an enger Wunneng geschitt. Dëst ass den Ament awer nach net kloer.

Kuckt hei den Extrait zum Virfall aus dem Journal vun en Dënschdeg:

Eng Fra dout, eng aner uerg blesséiert, presuméierten Täter gestallt

Liest dozou och den Artikel vun en Dënschdeg:

Back to Top
CIM LOGO