Et war 14.20 Auer en Dënschdeg de Mëtteg, wéi der Police an der Avenue de la Faïencerie um Lampertsbierg zwou blesséiert Frae gemellt goufen. Kuerz drop goufen d’Medien informéiert, datt et e Policeasaz um Biergerkräiz beim Briddel géif ginn an datt een do kee sollt mam Auto mathuelen. Verdächteg Persoune wieren dem 113 ze mellen.
Zimmlech séier war kloer, datt béid Evenementer a Relatioun zuenaner géife stoen.
Éischten Informatiounen no, déi d’Police am spéiden Dënschdegnomëtteg confirméiert huet, hat e Mann zwou Frae mat engem Messer ugegraff a war duerno geflücht. D’Attack ass am ieweschten Deel vun der Faïencerie-Strooss geschitt, wéi et ausgesäit an enger Residence, offiziell bestätegt ass dat awer nach net.
Eng vun de Fraen ass kuerz drop un hire schwéiere Verletzunge gestuerwen, déi zweet gouf schwéier blesséiert an d’Spidol bruecht. Den Informatioune vum Republicain Lorrain no kéim déi verstuerwe Fra aus dem Norde vum Departement Moselle.
De presuméierten Täter huet sech mat engem Auto duerch d’Bascht gemaach an hat nach um Lampertsbierg en Accident, ass awer mat sengem Gefier weidergefuer. Am Kader vun enger grouss ugeluechter Sichaktioun gouf hien tëscht dem Briddel an dem Fräiheetsbam vun der Police gestallt.
Fir auszeschléissen, datt et nach méi Täter géif ginn, ass d’Sich weidergelaf.
Iwwer d’Hannergrënn vun der bluddeger Dot ass nach näischt gewosst. D’Police judiciaire enquêtéiert, fir de geneeën Oflaf vun der Attack ze klären.