CatholJust nach bis zu 100 Leit an de Massen erlaabt

RTL Lëtzebuerg
Mat den neie Covid-Reegelen, déi an der Nuecht op e Freideg a Kraaft triede sollen, gëtt och d'Zuel vun de Leit an der Mass op maximal 100 limitéiert.

Wéi de Bistum präziséiert ginn awer just d'Leit gezielt, déi an de Gottesdéngscht kommen. Net de Paschtouer, Sänger, den Organist, Dirigent a Massendénger, also all déi Leit déi um Encadrement vun der Mass bedeelegt sinn. Nieft der Maskeflicht ginn och vun méi wéi 10 Leit d'Distanzreegelen applizéiert.

D'Oftstandsreegelen gëllen net fir Persounen, déi an engem Stot wunnen, duerfir awer fir de Chouer. De Sänger a Sängerinnen gëtt och wäermstens recommandéiert eng Mask unzedoen.

Wa bei enger Zeremonie mat méi wéi 100 Persounen gerechent gëtt, mussen d'Leit sech am Virfeld umellen.

Fir Concerten, wa se dann net verréckelt kënne ginn, gëllen och déi nei gesetzlech Restriktiounen.

D'Katechèse gëtt no der Allerhellegevakanz gréisstendeels digital organiséiert.

Falls déi sanitär Lag et erlaabt, soll de Grupp bis d'Chrëschtvakanz op d'mannst eemol zesummekommen. Fir Kanner déi Kommunioun maachen sinn zwou physesch Reuniounen mat Mask an Ofstand virgesinn. Déi nei Bestëmmunge gëlle bis den 31. Dezember. Fir d'Reegelen och fir Chrëschtdag anhalen ze kënnen, sinn zousätzlech Gottesdéngschter geplangt.

Back to Top
CIM LOGO