
Um CR166, kuerz virum Agang vu Keel, waren e Sonndeg de Moie géint 3:30 Auer zwee Jugendlecher zu Fouss ënnerwee, wéi bemol een Auto, deen aus Richtung Schëffleng komm ass, ee vun den zwee Jugendlechen ze pake krut. Obwuel en e Mënsch ugestouss a liewensgeféierlech blesséiert hat, ass de Chauffer vum Auto einfach a Richtung Keel weidergefuer.
De Jong vu 16 Joer gouf liewensgeféierlech blesséiert a koum direkt an d'Spidol. Wéi et vun der Police heescht, ass d'Affer e Sonndeg am Nomëtteg un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen.
D'Police hat nom Accident en Zeienopruff lancéiert. De presuméierte Chauffer vum flüchtegen Auto konnt duerch een Hiweis aus der Bevëlkerung identifizéiert ginn. Kuerz Zäit drop konnt hien dunn och vun der Police ugetraff ginn. Hie gouf mat op de Policebüro geholl, wou hien dunn op Uerder vum Parquet festgeholl gouf. E Méindeg soll de Chauffer, deen nom Accident geflücht soll sinn, virun den Untersuchungsriichter kommen.