Zéng BlesséierterCGDIS mellt Motorradsaccident a Foussgänger, deen ugestouss gouf

RTL Lëtzebuerg
E Samschdegowend an e Sonndeg haten d'Ekippe vum CGDIS uechter d'Land genuch ze dinn. Et gouf aacht Accidenter mat insgesamt zéng Blesséierten.
© Jeannot Ries

Eng éischte Kéier hat et zu Nidderkuer an der Route de Bascharage geknuppt. Do waren e Samschdeg den Owend géint 19 Auer zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Ambulanz vu Schëffleng huet sech ëm de Blesséierte gekëmmert.

Zu Mamer gouf géint 21:15 Auer dann nach ee Motocyclist blesséiert, deen um Tossebierg gefall war. Hie gouf vun engem Ambulanz vu Mamer betreit.

Géint 1 Auer an der Nuecht hat zu Nidderfeelen an der Rue Eugene Reiser dann nach een Auto gebrannt, ma hei gouf zum Gléck kee blesséiert.

Direkt dräi Blesséierter gouf et op der B7 a Richtung Fridhaff, dat tëscht Schieren an Ettelbréck. Géint 2:45 Auer sinn hei dräi Autoen aneneegeknuppt. Hei war nieft enger Nordstad-Ambulanz och nach de Samu vun Ettelbréck op der Plaz.

Zu Keel an der Rue de Schifflange gouf géint 3:30 Auer an der Nuecht eng Persoun vun engem Auto ugestouss. Hei waren eng Ambulanz an ee Samu vun Esch op der Plaz, fir sech ëm de Blesséierten ze këmmeren. D'Police huet e Sonndeg am Verlaf vum Dag méi Detailer zum Fall bekannt ginn. Dat 16 Joer aalt Affer ass e Sonndeg am Nomëtteg u sengen uerge Blessure gestuerwen. De presuméierte Chauffer konnt no engem Zeienopruff fonnt a festgeholl ginn.

Eng Karambolage gouf et géint 4:40 Auer op der A1 a Richtung Tréier, dat tëscht dem Cargo Center a Mënsbech. Dräi Autoe waren am Coup an och hei gouf et ee Blesséierten.

An e Sonndeg am spéiden Nomëtteg war nach zu Veianen e Motocycliste gefall. Hie gouf blesséiert.

D'Police mellt dann och nach, datt e Sonndeg de Moie géint 5:20 Auer ee Fürerschäin agezu gouf, well ee Chauffer bei enger Alkoholkontroll um Houwald duerchgefall war.

Back to Top
CIM LOGO