
Kuerz virun 1 Auer war dem 113 en Abroch an en Auto zu Waasserbëlleg gemellt ginn. Aenzeien, déi déi Onéierlech dobäi erwëscht hunn, war et gelongen, ee vun hinnen am Auto anzespären, bis d’Police op der Plaz war. Deen anere konnt flüchten.
Um Policebüro huet sech méi spéit erausgestallt, datt de gepëtzte Verdächtegen aus dem Centre socio-éducatif de l’Etat Dräibuer fortgelaf war. De Parquet, deen iwwer de Virfall informéiert gouf, huet decidéiert, de Jugendlechen zeréck op Dräibuer ze bréngen.