Bauere schloen AlarmJakobs-Kräizkraut mécht sech nees verstäerkt hei am Land breet

Monique Kater
Et ass net fir d'éischt, dass d'Baueren an dëser Saach Alarm schloen, mee dofir maachen se dat elo awer och net manner haart.
Jakobs-Kräizkraut mécht sech nees verstäerkt breet
Et ass net fir d'éischt, dass d'Baueren an dëser Saach Alarm schloen, mee dofir maachen se dat elo awer och net manner haart.

Eng Zort giel Blumm op laange Stiller, dat sougenannt Jakobs-Kreuzkraut wier nees am Gaang sech uechtert d'Land, laanscht Summerweeër an op opgetippten Hiwwelen, nieft nei-gebaute Brécken a Stroossen auszebreeden. Wat, nieft Kar- a Feierblumme ganz schéin ausgesäit, ass awer eng Planz déi, wa se am Hee un d'Véi mat verfiddert gëtt, gëfteg ass. D'Gesondheet vun hiren Déiere wier wierklech a Gefor, warnt de Pierre Laugs, Jongbauer zu Konsdref.

Nieft der Responsabilitéit vun de Baueren, missten awer och Ponts et Chaussées - also de Staat - an d'Gemenge mat hëllefen, eng ze staark Verbreedung vum Jakobs-Kräizkraut ze verhënneren. Wann een ze vill där Blummen am Gaart huet, sollt een déi och net ouni Händschen un erausrappen, sou d'Planzen-Experten.

PDF: Informatiounsbroschür iwwer d’Jakobs-Kräizkraut

Back to Top
CIM LOGO