Coronavirus zu LëtzebuergIwwert de Weekend: Vu 14.280 Tester waren der 42 positiv, keen Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonnen 42 Neiinfektioune bei 14.280 Tester registréiert goufen.
© RTL

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Méindeg enthält d'Donnée vun e Freideg, Samschdeg an e Sonndeg, dat well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele méi matdeelt.

An de leschten Deeg ass keng Persoun um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid bei 818.

Bannent de leschte 24 Stonne goufen 276 Tester gemaach, dovunner waren der 5 positiv. De Positivitéitstaux läit bei 1,81%.

Den Ament si 5 Persounen hospitaliséiert. Op der Intensivstatioun läit dovunner aktuell 1 Persoun, eng manner, wéi nach e Freideg gemellt gouf.

Zu Lëtzebuerg ginn et 167 aktiv Infektiounen. 69.657 Leit gëllen als geheelt.

328.962 Persoune krute bis ewell zu Lëtzebuerg eng éischt Corona-Impfdosis gesprëtzt. 198.634 Persoune si komplett geimpft.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,89. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO