
D'Ecole du Commerce et de Gestion zitt temporär Konsequenzen aus der Corona-Situatioun.
Leider wier een net verschount bliwwen, heescht et an engem Schreiwes vum Direkter. Eng Rei Enseignanten, Membere vun der Direktioun a vum Sekretariat wieren den Ament a Quarantän, dëst awer reng aus Virsiichtsmoossnamen, nodeems se Kontakt mat enger Persoun aus der Administratioun haten, déi positiv getest gouf.
Dofir wier decidéiert ginn, datt ee vun elo un eriwwer op de Modell vum enseignement à distance geet, dat lo mol bis e Freideg mat. Den Educatiounsminister Claude Meisch hätt säin Accord ginn.
D'Course ginn also Online gehale via TEAMS, d'Presenz vun de Schüler wier obligatoresch. D'Prüfunge vun dëser Woch gi reportéiert op e spéideren Datum no der Allerhellegevakanz.
Den Direkter Joseph Britz huet am RTL-Interview betount, dass et am ECG keen Infektiounsherd géif ginn. Et wier wéi gesot just eng Persoun positiv getest ginn, an déi aner wieren zur Sécherheet a Quarantän, bis se en negativen Test virweise kënnen. Well een et awer organisatoresch net géif hikréien, déi Enseignanten ze ersetzen an der Schoul, gouf op de Modell vum Homeschooling ëmdisponéiert.
