Laserfuerschung zu LëtzebuergHightech aus dem LIST als Challenge an der Take Off Show

Olivier Catani
E Fixspoun mat engem Laser ufänken. Dat war de leschten Challenge am Episod 7 vun Take Off. D'Aufgab gouf am Laserlab vum LIST um Belval entwéckelt. E Labo, an deem Technologien erfuerscht ginn, déi deelweis och schonn an d’Ausland verkaaft gi sinn.
Laserfuerschung zu Lëtzebuerg
Hightech aus dem LIST als Challenge an der Take Off Show

“D’Léisung ass: de Laser!”

Den Alexandros Gerakis ass Physiker a Responsabele vum Laserlab am LIST. Hien a seng Ekipp entwéckelen um Belval Laser, mat deenen ee ganz präzis eppes moosse kann. Vitessen zum Beispill. Awer och Temperatur. An dat op Plazen, wou ee mat gängege Miessinstrumenter net wäit kéim. Wéi zum Beispill an engem gliddege Plasmastral: “Dëse Plasmastral ass tëscht 1.300 a 1.500 Grad Celsius waarm. Dat ass also esou richteg waarm. Wann een déi Temperatur wéilt mat engem Thermometer moossen, da géif dee futti goen. D’Léisung ass: de Laser.»

De Virdeel vum Laser: e miesst kontaktlos. Doduerch geet e net just net futti, e verännert de Plasmastral och net. Mat Plasmastrale schafft een ënner anerem an der Elektronik-Industrie. Nach versteet een awer net bis an de leschten Detail, wéi genee dee gliddege Stral funktionéiert. Mat de Laser-Moosstechnike kënne se d’Eegenschafte vum Plasma besser erfuerschen.

International Ekipp

Aktuell schaffe se zu 10 am Laserlab. Fuerscher aus 7 verschiddene Länner. A besonnesch houfreg ass den Alexandros Gerakis op hire selwer entwéckelte Wandkanal. Dora kann ee mat Laser moosse wéi d’Loft iwwert e Flillek stréimt: “Mir schwätzen hei vun ongeféier der Hallschecht vun der Liichtgeschwindegkeet direkt iwwert dem Flillek. An hei an dëser Installatioun kënne mir d’Loftstréimungen an den ieweschte Schichte vun der Atmosphär nostellen. Uewen an der Atmosphär kann ee jo keng Moossinstrumenter benotzen.»

Technik vu Lëtzebuerg och am Ausland gefrot

Interessant wier d’Laser-Technik fir d’Loft- a Raumfaart. Awer och an der Formel 1. Grad wéi bei grousse Schëffer. Hei kéint een de Reiwungswidderstand ënner Waasser moossen. Manner Widderstand heescht manner Spritverbrauch. Si hätten och schonn e Laser an d’USA verkaaft. U wie wollte se eis awer net verroden.

D’Zesummenaarbecht mat “Take Off”

D’Laser am leschten Episod vun Take Off waren déi selwecht, déi och d’Fuerscher am LIST benotzen. D’Leslie, de Rares an de Colin hunn hire Laserstral missen esou deviéieren a fokusséieren, dass e Fixspoun Feier fänkt. De Joseph Rodesch ass Coach bei Take Off. Fir all Saison brauche si iwwer 30 wëssenschaftlech Challengen. An duerfir ass hie frou, wa Fuerschungsinstituter vu Lëtzebuerg en Challenge fir d’Sendung proposéieren.

Kuckt hei de ganzen Episod 7 vun “Take Off nach emol am Replay:

Episod 7 – Luucht
D’Spill mat der Luucht an eng déck Iwwerraschung.

En neien Episod vun “Take Off” kënnt ëmmer freides op der Tëlee, RTL Play an takeoffshow.lu.

Back to Top
CIM LOGO