Dem DP-Deputéierte Gusty Graas no huet d’Regierung an enger däreger Situatioun richteg decidéiert.
Ëmmerhi wär een och hei am Land de Moment an engem ganz schwieregen, net nëmme politeschen, mee och ekonomeschen Ëmfeld. D’Konsequenze vum Iran-Krich wären nach net ganz kloer. Zejoert war et nëmmen eng wirtschaftlech Croissance vu plus ou moins engem Prozent. D’Previsioune fir dëst Joer sinn och net immens gutt. Dat alles sot de Gusty Graas e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
Den DP-Deputéierte fënnt dofir, dass d’Regierung realistesch a raisonnabel virgaange wär a Punkto Hausse vum Mindestloun. 3,8 Prozent wären trotzdeem eng considerabel Zuel. Déi 70.000 Leit, déi de Mindestloun kréien, hätten eng Upassung no uewe verdéngt.
Allerdéngs huet de Liberalen den Appell gemaach un d’Patronat an un d’Gewerkschaften och realistesch ze sinn. Eng Nullronn wär net ze vertriede gewiescht. Eng Hausse vun 11 Prozent awer och net. Béid Säite sollten am Respekt kommunikéieren, fënnt de Gusty Graas. Et wär net gutt fir Lëtzebuerg, wann de Sozialdialog géif zerbriechen. D’Sozialpartner sollte sech nees un een Dësch setzen. Zu dësem Ament soll een dem DP-Politiker no nach net ze haart vun enger Tripartite schwätzen. Falls sech d’Situatioun sollt bis e gewëssene Grad verschlëmmeren, da wär hien och iwwerzeegt, dass eng Tripartite wäert sinn.
Grav geopolitesch Situatioun
De Gusty Graass ass jo de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun. D’Situatioun wéinst dem Iran-Krich, deen elo no der Covid-Kris an dem Ukrain-Krich nach dobäi kënnt, nennt den Deputéierten: ganz grav.
E Flächebrand wär amgaang ze entstoen, net just fir de Weltfridden, mä och fir d’Weltwirtschaft. Den Iran war senger Meenung no preparéiert op d’amerikanesch-israeelesch Attacken a wäert och elo net opginn. Eng Buedem-Offensiv, déi d’USA anscheinend plangen, misst onbedéngt evitéiert ginn, betount de Gusty Graas.
Den US-President Trump géif d’NATO-Partner erpressen. Dat wär net akzeptabel. Dovun ofgesinn, hätten hien an de Benjamin Netanjahu keen iwwer hir Pläng informéiert. Si dierften d’NATO an d’EU net an dee Krich verwéckelen.
Eestëmmegkeetsprinzip an der EU ofschafen a Walen an Ungarn
Allerdéngs wär d‘EU leider immens schwéierfälleg. Dat hätt ee jo rezent gemierkt, ewéi eleng de Viktor Orban e wichtege Kredit a Milliardenhéicht fir d‘Ukrain blockéiert huet. Dem Gusty Graas no misst virun allem den Eestëmmegkeetsprinzip an der Aussepolitik ofgeschaaft ginn. “Wa mir et net fäerdeg bréngen, deen ze änneren, dass mir mat enger Majorité qualifiée an Zukunft kënnen Decisiounen huelen, da kritt d’Europäesch Unioun et nach vill méi schwéier a mir verléieren Autoritéit dobaussen”, esou den DP-Deputéierte ganz däitlech. Wat Ungarn ugeet, wär hien net “onfrou”, wann de Péter Magyar géing déi Walen den 12. Abrëll géint dem Orban wannen.
Am Kader vun engem OSZE-Programm wäerten och zwee Lëtzebuerger Deputéiert dee Vott an Ungarn observéieren. Dat sinn de Gilles Baum vun der DP an de Claude Haagen vun der LSAP. De Gusty Graas wollt dem Orban keng Irregularitéiten ënnerstellen. Ma villes wär méiglech an deem Land. An duerfir kéint een nëmmen hoffen, dass awer alles de Reegelen no iwwer d’Bün wäert goe bei de Walen an Ungarn, esou de Gusty Graas.
Speziell Visitt an der Mongolei
De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun war mat véier aneren Deputéierten eréischt de Weekend vun enger Rees an d’Mongolei erëmkomm. Et wär eng extreem interessant Rees gewiescht, esou den Gusty Graas. Zanter 50 Joer gëtt et eng diplomatesch Relatioun mat der Mongolei, a 25 Joer Kooperatioun. Trotzdeem war et fir de Politiker eng speziell Rees, well et do aktuell eng Regierungskris gëtt. De Premier ass elo ofgesat ginn. Antëscht gëtt et en neien. Et wäert och een oder deen anere Minister ersat ginn, esou de Gusty Graas. Onofhängeg dovunner wär et eng ganz wichteg Missioun gewiescht. Virop ee Projet hätt d‘Lëtzebuerger Delegatioun am Detail kënnen analyséieren: e Spidol fir Häerzpatienten. Bei der Visitt wär d‘Wichtegkeet vun der Kooperatioun confirméiert ginn, huet den Invité vun der Redaktioun erzielt.
E Méindeg de Moie war d’Mindestloun-Erhéijung Theema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.