No Annonce vu LockdownGroussen Undrang op Bensinsstatiounen an der franséischer Grenzregioun

RTL Lëtzebuerg
E Freideg trëtt a Frankräich den neie Confinement a Kraaft. Dat suergt fir e groussen Undrang op d'Pompelstatiounen zu Lëtzebuerg.
Groussen Undrang op Bensinsstatiounen
E Freideg trëtt a Frankräich den neie Confinement a Kraaft. Dat suergt fir e groussen Undrang op d'Pompelstatiounen zu Lëtzebuerg.

D'Awunner a Frankräich dierfe just nach ënner bestëmmte Konditiounen d'Wunneng oder d'Haus verloossen. Si dierfe weiderhin op d'Aarbecht, bei den Dokter goen, dat Néidegst akafen oder anere Mënschen hëllefen. Séier emol iwwert d'Grenz fueren, fir ze tanken oder anzekafen, ass bis den 1. Dezember also net méi méiglech.

Am Süde vu Lëtzebuerg sinn d'Repercussioune vun den neie Restriktiounen, déi vum 30. Oktober u gëllen, däitlech ze spieren. Ënnert anerem zu Rëmeleng a Péiteng huet et en Donneschdeg ferm gestaut ronderëm d'Bensinsstatiounen.

Vun e Freideg un: Neie Lockdown a Frankräich annoncéiert

Back to Top
CIM LOGO