
E Giischtjen aus dem Prisong Uerschterhaff gouf festgeholl. Hie gëtt verdächtegt, Drogen an Handyen an de Prisong erageschmuggelt ze hunn. Dat deelt de Parquet mat. Och eng Persoun déi an Untersuchungshaft sëtzt an e Fournisseur sollen am Coup gewiescht sinn. Déi dräi Persounen haten d’lescht Woch Rendez-vous beim Untersuchungsriichter a koumen- respektiv bloufen an Untersuchungshaft Dat Ganzt soll zënter Dezember ofgelaf sinn.

De Parquet rappeléiert d’présomption d’innocence.