Dat wier nämlech méi komplizéiert wéi beim Elektreschen, géing awer aktuell net als Prioritéit behandelt ginn.
A 25 Joer soll Schluss si mam fossillen Hëtzen. Haut géingen awer manner wéi 20 Prozent vun der Versuergung aus erneierbare Quelle kommen, eng Wäermepompel kéint net jidderee sech leeschten a gläichzäiteg géinge Gaz a Mazout méi deier ginn, stellt d’Presidentin vum Mouvement Ecologique Blanche Weber fest.
“Fir eis ass et eng immens wichteg Sozialmoossnam, fir elo ze soen, wou muss d’ëffentlech Hand Kollektivléisungen, also Netzer a sou weider leeën, fir dass den Endkonsument net an der Fal ass vun där Präissteigerung. Well mir kréien nach ëmmer Gas vun Autokraten, et kënnt es och sécher nach ëmmer aus Russland a sou weider. Do si mir deenen ausgeliwwert.”
Net an all Gebai kann eng Wäermepompel installéiert ginn, zum Beispill a Quartieren an de Stied, déi enk bebaut sinn. Dës Stéit mussen dann un e Wäermenetz ugebonne ginn. D’Hëtzt kënnt vun der Sonn, aus dem Buedem oder aus der Industrie. Dat gëtt et och schonn ënnert anerem zu Esch-Belval, wou d’Gebaier duerch Offall-Hëtzt vun ArcelorMittal gehëtzt ginn. Et bréicht een awer e méi klore gesetzleche Kader, esou de Marc Krier, Responsabele fir Energie- a Klimafroe beim Mouvement Ecologique. Aktuell missten d’Acteure sech ënnerteneen eens ginn.
“Do muss ee sech d’accord ginn, wéi vill kascht dat? Zu wéi enge Konditioune kafen ech dat? Wéi eng Garantie hunn ech och, dass dat iwwer laang Zäit ass, well ech muss dat jo kënne plangen. Also ganz konkreet, wann ech weess, bei dee Site, dee wäert elo zoumaachen, da muss ech jo eng aner Alternativ fannen. A wat dat méi ass, wat déi Alternativ méi grouss muss ausfalen. Dat heescht, dat si schonn konsequent Verhandlungen. A wann do eng gewësse Sécherheet duerch e méi gesetzleche Kader kënnt, ass et fir all d’Acteure méi einfach.”
D’Installatioun vu Wäermenetzer bréngt e groussen infrastrukturellen Opwand mat sech. Aktuell géing awer méi ofgewaart wéi geplangt ginn, bedauert d’Blanche Weber:
“Am Ablack, wann ech op enger Plaz duerch trëppelen oder fueren, wou ech gesinn, dass eng Strooss opgerappt gëtt, wou een eigentlech schonn, mat deem Wësse wat een huet, denkt, boah do muss eng Kéier e Wärmenetz higeluecht ginn. Dann denkt ee sech, dat ass jo absurd, dass do elo opgerappt gëtt an d’Netz net direkt matgeluecht gëtt. Wuel wëssend, dass dat an e puer Joer muss geschéien. Do kënnt ee sech Zäit a Geld spueren, wann een dat elo direkt mécht.”
De Wirtschaftsministère misst de Lead iwwerhuelen a sech vu kompetenten Experten aus dem Ausland berode loossen, fir nach dëst Joer eng Strategie fir d’Transitioun beim Hëtzen auszeschaffen.