
A wat ka gemaach ginn, fir dës Effekter op d'Inegalitéit, d'Aarmut an de Sozialstaat ze minimiséieren? Dëst huet de „RECOVid" - e Grupp vu 27 internationalen Ekonomisten, déi hei am Land beim Statec, der Uni.lu a beim Liser aktiv sinn, recherchéiert. Dëse sougenannte „work package 7", ee vun am Ganzen 12 Aarbechtspabeieren, huet der Regierung gehollef, hir Decisiounen ze huelen. Besonnesch a Bezuch op eng Exit-Strategie.
Andeems een Aarbechter dovun ofhält, ze schaffen, a Konsumenten dovunner ofhält, ze konsuméieren, riskéieren d'Mesuren, fir de Coronavirus an der Gitt ze halen och eng gewalteg Rezessioun mat sech ze bréngen. Aktuelle Berechnunge vun der RECOVid no gëtt d'Lëtzebuerger Produktioun pro Mount den Ament ëm 28-42 Prozent reduzéiert. Pro Mount, dee mir am Lockdown verbréngen, géing de PIB annuel ëm 2 bis 3,5 Prozent erofgoen - pro Mount wuel gemierkt. Wann een dovunner ausgeet, dass d'Ekonomie duerno nees direkt zeréck an d'Normalitéit iwwergeet, dann ass d'Rezessioun, déi vum Coronavirus ausgeléist gouf, scho méi grouss wéi déi vun der Finanzkris 2008, sou schreiwen et d'Ekonomiste vu RECOVid.
Och de Risk vun engem systemesche Kollaps vum Finanzsystem, weltwäit an och op europäeschem Niveau, kéint een net ausschléissen.
Vill vun deenen Industrien, déi aktuell wéinst dem Lockdown komplett zou sinn, de Grouss- an Eenzelhandel an den Horesca-Secteur, wäre souwisou scho Secteuren, wou Leit manner verdénge géingen, deemno kéint déi aktuell Situatioun d'Inegalitéit hei am Land an d'Luucht drécken. Ma wann de Lockdown kuerz wär, géingen d'Aarmutstauxen op e Joer gekuckt kaum an d'Luucht goen, ma d'Leit kéinten een Akommesverloscht hunn an dee misst kompenséiert ginn.
Et wäre schonn eng Rei Strategien ugeduecht ginn, fir d'Aarbechter nees schaffen ze loossen an d'ekonomesch Aktivitéit ze relancéieren. Ma déi Method, déi am meeschten iwwerzeege géing, wär déi vum sougenannte „massive double testing", also fir ze testen, ob Leit gesond oder immun sinn. D'Ëmsetzen dovunner kéint sech hei am Land awer als schwiereg erweisen, well de Grand-Duché mat ronn 40% vu senger Aarbechtskraaft op Frontaliere muss zeréckgräifen.
Een anert Thema, dat d'Wëssenschaftler uschwätzen, sinn déi permanent Effekter, déi de Coronavirus kéint op déi politesch Orientatioun hunn, op international Relatiounen awer och op d'Kooperatioun.
