Stëmmung virum VottGëtt de Google-Datenzenter zu Biissen Realitéit?

RTL Lëtzebuerg
Den Donneschdeg de Mëtteg um 17 Auer gëtt am Gemengerot iwwer de spezifesche Bebauungsprojet um Busbierg ofgestëmmt.
Gëtt de Google-Datenzenter zu Biissen Realitéit?
Den Donneschdeg de Mëtteg um 17 Auer gëtt am Gemengerot iwwer de spezifesche Bebauungsprojet um Busbierg ofgestëmmt.

Gëtt dësen ugeholl, ass dat eng weider wichteg Etapp an de Prozeduren. Ma net jiddereen ass iwwerzeegt vum Projet. Et géif un Transparenz feelen, beispillsweis, wat de Waasserverbrauch vum Datazenter betrëfft, awer och de Kaméidi vun der Anlag, déi et an dëser Gréisst nach net an Europa gëtt.

Eigentlech hätt de PAP scho missen am Fréijoer ofgestëmmt ginn, duerch d'Pandemie war dat net méiglech. Google hätt awer vun der Zäit profitéiert, fir de Suerge vun de Leit Rechnung ze droen an de Projet ze verbesseren. Héiert een net just aus der Gemeng.

"Dass se wierklech do probéiert hunn, souwuel beim Waasserverbrauch, wéi och beim Kaméidi Efforten ze maachen. An dat wäert am Endeffekt och ausschlaggebend sinn, fir dee Vott do duerchzekréien zu Biissen.", esou de Wirtschaftsminister Franz Fayot.

Méi Konkretes war e Mëttwoch awer nach net gewuer ze ginn. Och net iwwer d'Ënnerstëtzunge vun der Regierung, déi d'Gemeng am Kontext vun der Entwécklung vum Datenzenter an der Industriezon um Rouscht gefuerdert hat.

"Also ech kann a wäert Iech net soe virun der Sitzung muer, wat d'Zousécherunge sinn. Muer wäert ech déi duerleeën. Ech ka just soen, dass do vu Säit vun der Regierung wierklech eng Ouverture koum an eis nogelauschtert ginn ass.", esou de Buergermeeschter vu Biissen, den David Viaggi, e Mëttwoch.

Vum Wirtschaftsminister war et de Message, datt déi ganz Regierung hannert dem Projet stoe géif. Den Internetgigant selwer huet nach ëmmer keng definitiv Zouso ginn, ob e sech iwwerhaapt zu Lëtzebuerg néierloosse wäert. Ofgeschreckt duerch den Echec vum Projet vun der Jugurtsfabrick wier Google awer net.

D'Biergerinitiativ iwwerdeems fäert den nationalen Drock op de Schëllere vun de Biisser Gemengeréit wär ze grouss, datt si onofhängeg ofstëmme kéinten.

De Buergermeeschter David Viaggi wëll fir Transparenz suergen, deemno wäert an d'Sëtzung vum Gemengerot an de Vott vum PAP Google en Donneschdeg de Mëtteg live um Internet gewise ginn.

Dir kënnt de Livestream och en Donneschdeg um 17 Auer bei eis op RTL.lu kucken.

Back to Top
CIM LOGO