Alkoholiséiert gefuerGeldstrof a Fuerverbuet vun 3 Joer mat Sursis fir Buergermeeschter vun Hayange

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Moie gouf de Buergermeeschter vun Hayange hei vir a Frankräich um Stater Geriicht zu eng Geldstrof vun 1.000€ an engem Fuerverbuet verurteelt.
© AFP

De Fabien Engelmann vum Rassemblement national, dem fréiere Front national, war am Januar nuets tëscht dem Rond-point Gluck an dem Tunnel Albert Bousser an der Stad ugehale ginn. Géint de Politiker goufen d'Fueren ënner Alkoholafloss an de Refus, fir sech dem groussen Alkoholtest z'ënnerzéien, zréckbehalen.

Back to Top
CIM LOGO