D’Passagéier, déi e Méindeg de Moien op Mailand wollte fléien, hunn e bësse méi Gedold misse matbréngen. Hir Maschinn, déi nei Embraer E195-E2, déi eréischt am November 2025 hei am Land ukomm ass an Ufank vun dësem Joer a Betrib geholl gouf, huet kuerz hanner Metz ëmgedréint an ass zeréck op de Findel geflunn.
Vun der Luxair heescht et, datt een net all Tëschefall vun engem Fliger, wann dësen um Wee op seng Destinatioun muss ëmdréinen an zeréckfléien, géif kommentéieren. Dorobber ugeschwat, datt et sech beim aktuelle Fall net ëm iergendeng, mä ëm hir neiste Maschinn géif handelen, huet d’Pressespriecherin vun der Luxair ze bedenke ginn, datt Fligeren net just wéinst technesche Schwieregkeete missten ëmdréinen, mä et och nach aner Tëschefäll ginn, déi dëst kënne provozéieren. Weider wollt si awer net drop agoen an och net confirméieren, datt et sech bei der Situatioun vun e Méindeg net ëm en technesche Problem gehandelt huet.
Confirméiert gouf awer dogéint, datt eng aner Maschinn genotzt gouf, fir déi 37 Passagéier e bësse méi spéit am Méindeg de Moien op Mailand ze fléien.

An engem weidere Communiqué méi spéit um Méindegowend huet Luxair dunn zousätzlech Informatioune geliwwert, grad fir déi nei Fligeren an hirer Flott ze verdeedegen. Sou erkläert d’Gesellschaft, datt Medieberichter, déi den Akaf vum Embraer E195-E2 a Fro stellen, wichtege Kontext ausser Uecht loossen.
Déi temporär operationell Aschränkungen, op déi verwise gëtt, stéingen am Zesummenhang mat internationale Moossnamen, déi d’Motore vu Pratt & Whitney-GTF ënner ganz spezifesche Wiederkonditioune betreffen, an net mat enger falscher Decisioun iwwert d’Flott. Luxair betount weider, datt den E195-E2 manner restriktiv Limite wéi vergläichbar Fligeren ënnerläit a komplett a Koordinatioun mat den Hiersteller an den zoustännege Loftfaart-Autoritéite bedriwwe gëtt.
De Fliger bleift Aussoe vu Luxair no sécher an zouverlässeg, de rezente Retourfluch wier eng virsiichteg Entscheedung gewiescht an net d’Konsequenz vun engem techneschen Incident. Luxair ënnersträicht weider, datt den E195-E2 eng zentral Roll an der laangfristeger Strategie spillt, fir d’Flott ze moderniséieren, d’Emissiounen ze reduzéieren an d’Passagéiererfarung ze verbesseren.
Scho lescht Woch gouf et e Virfall mat enger Luxair-Maschinn a Richtung Malaga.
D’Luxair erkläert an engem weidere Schreiwes um Méindeg den Owend, datt präventiv Sécherheetsmoossname wéi e Retour op de Startfluchhafen oder e “Go-around” normal an noutwendeg an der moderner Loftfaart sinn. Esou Mesurë gi getraff, soubal technesch oder operationell Indikatioune opdauchen, ouni datt Passagéier oder Crew jeemools a Gefor sinn.
Dës Decisioune wieren net un e bestëmmte Fligertyp gebonnen a weisen och net op strukturell Problemer hin, mee wieren d’Resultat vu moderne Sécherheetssystemer an enger bewosst virsiichteger Approche. All Entscheedung déngt engem eenzege Zil: der absolutter Sécherheet u Bord, sou d’Luxair an hirem Schreiwes.