
D’Lëtzebuerger Fluchgesellschaft baut hiert Streckennetz vun iwwer 100 Destinatiounen aus. Vun Oktober dëst Joer u kann ee mat der Luxair vum Findel direkt op Abu Dhabi fléien, dat ee Mol d’Woch vum 26. Oktober 2026 bis de 4. Mee 2027, méindes dohin, dënschdes zréck.
Mat Abu Dhabi wéilt d’Luxair hir “Presenz an de Vereenegten Arabeschen Emirater” stäerken an d’Direktverbindung op Dubai ergänzen, heescht an hirem Communiqué. Et hätt eng “staark a konstant Nofro” fir Flich op Abu Dhabi ginn, zanterdeem d’Luxair 2021 eng Direktverbindung op Dubai opgeholl huet, so den Thomas Fischer, CCO bei der Luxair. Virun allem am Wanter wéilte vill Leit och Laangstrecke-Vakanze maachen. Fir d’Clienten, déi scho mat der Luxair op Dubai geflu sinn, wier et “eng richteg Verbesserung mat méi kuerzen Transferten, heescht et weider am Schreiwes.
Réischt viru Kuerzem hat Etihad Airways annoncéiert, dräi Mol d’Woch vum Findel op Abu Dhabi ze fléien.