Spillzäit ass wuel eng vun de schéinsten Zäite fir ee Kand. Dobäi geet et net nëmmen ëm Ënnerhalung: Beim Spillen entdecke Kanner d’Welt, op hir Manéier, fërderen hir Kreativitéit a stäerken hir sozial an emotional Kompetenzen. E wichtege Rôle, deen net ze ënnerschätzen ass, ass dee vun den Elteren. Et wier wichteg, de Kanner genuch Fräiraum an net ze vill Aschränkunge beim Spillen ze ginn.
Spillen ass fir Kanner net just e flotten Zäitverdreif. Et ass eng Form vum Léieren an der Entwécklung vu wichtege Kompetenzen. Dobäi ginn Emotiounen, Sprooch, Motorik a sozial Fäegkeete gefërdert. Besonnesch wichteg ass dobäi de fräie Spillraum (Fräiheet beim Spillen), sou d’Natascha Salomon, Familljentherapeutin bei der Erzéiungs- a Familljeberodung. Kanner sollen d’Méiglechkeet hunn, selwer ze entscheeden, wat a wéi si spillen.

“Beim Fräispill ass et wichteg, de Kanner de Raum ze ginn, och wierklech fräi kënnen ze spillen. Dat heescht, zum Beispill net uleeden, waarden. Als Elteren einfach mol kucken, wat mécht dat Kand, an dat benennen. Grad wann d’Kanner kleng sinn, ass et wichteg, hinne Wierder ze ginn, fir dat wat si maachen, fir dat wat si hunn a fir dat wat si fillen. Et bréngt ganz vill fir d’Entwécklung vu Kreativitéit, vu Fantasie, dass si selwer eppes entwéckele kënnen. Si kënne sech doduerch als kompetent erliewen an ee grousst Selbstwäert entwéckelen.”
Zu Déifferdeng ass dëse Weekend d’Ludothèque éphémère – en Atelier, wou d’Elteren si an hir Kanner konnten aschreiwe fir zesummen ze spillen. Déi verschidde Spill-Statiounen, déi proposéiert ginn, si gréisstendeels op fräit spillen ausgeluecht.
Fir all Alter ass eppes dobäi, egal op fir d’Bëbeeën, déi mat Hëllef vu Spiller hir Motorik verbessere kënnen oder fir d’Erwuessen a Jugendlecher, déi zesumme Briet a Gesellschaftsspiller kënne spillen. D’Majoritéit vun de Statioune sinn awer op d’Fräispillen ausgeluecht: sech verkleeden, Tierm bauen, eng Sandkaul oder nach eng Kichen, wou d’Kanner hirer Kreativitéit fräie laf kënne loossen.
Iwwert déi dräi Deeg verdeelt gi bis zu 500 Leit erwaart. Et misst ee sech am Viraus umellen, fir kënnen ee flotte Moment mat senge Kanner deelen ze kommen. Wat ee wärend den zwou Stonnen awer net erbléckt huet, ass ee Kand, dat virun engem Ecran houng. D’Elteren, genee esou wéi d’Kanner, ware frou, ee Moment zesummen ze verbréngen ouni vu Bildschiermer ofgelenkt ze sinn.
Beim Spillen am Generelle geet et net ëm ëm d’Quantitéit vum Spillmaterial. Ze vill Reizer kënnen d’Kanner esouguer iwwerfuerderen. Einfach Géigestänn loosse méi Plaz fir Kreativitéit. E Bauklotz kann en Auto sinn, eng Decken eng Höl. Dës Transformatiounen entstinn aus der Fantasie vum Kand eraus. An dës Kreativitéit, wien hätt et geduecht, gëtt dacks duerch Langweil ugestouss, erkläert d’Natascha Salomon. D’Kanner brauchen heiansdo Langweil, fir Fräiraum fir hir eege Kreativitéit ze hunn.
“Langweil ass souzesoen ee Motor, fir Saache selwer ze entwéckelen. Wann ech mech langweilen, ass dat fir d’éischt mol onangeneem, awer et bréngt mech dozou, eeben deen Zoustand iwwerwannen ze wëllen. A wann ech mech langweilen, ass dat déi Basis, fir d’Kreativitéit a fir Saache selwer ze entwéckelen. A Fantasie a Kreativitéit ass eigentlech dat, wat am wichtegsten ass fir d’Entwécklung vum Kand.”
Spillen ass also keng Niewesaach am Alldag. Et ass eng wichteg Basis fir d’Entwécklung vum Kand a fir d’Relatioun tëscht Elteren a Kanner. An deem Kader, bitt sech dëse Weekend eng flott Geleeënheet, fir zesumme mat de Kanner Spillzäit ze genéissen. Am Centre culturel “Aalt Stadhaus” zu Déifferdeng baut d’Associatioun Ludoland fir ee Weekend en temporäre Spillraum op, wou d’Kanner fräi spille kënnen.