Eng Altersbeschränkung fir sozial Medie gëtt esouwuel vun der Regierung wéi och vun engem groussen Deel vun eisen Nolauschterer begréisst, ma et ginn awer och kritesch Stëmmen..
Australien huet et virgemaach an decidéiert, datt sozial Medie fir Jonker ënnert 16 Joer gespaart sinn. Virun allem Plattforme wéi TikTok oder Instagram géinge Jugendlech dozou verleeden, ëmmer wieder ze scrollen an esou eng Ofhängegkeet ze entwéckelen. Dowéinst schwätzt sech och déi Lëtzebuerger Regierung dofir aus, eng Altersbeschränkung fir sozial Medien anzeféieren. Bei wéi vill Joer déi leie soll, huet d’Justizministesch Elisabeth Margue am Interview mam Claude Zeimetz net wollte präziséieren. De Grand-Duché sollt och keen “Alleingang” maachen, mee op eng europäesch Léisung setzen.
Elisabeth Margue: “De Premier huet gesot, wann no 6 Méint, 12 Méint näischt op europäeschem Niveau geschitt, dann ënnerhuele mer eppes.”
Claude Zeimetz: “Dat heescht d’nächst Joer kënnt eppes?”
Elisabeth Margue: “Da kënnt eppes, mee et ass vill méi einfach, op europäeschem Niveau eppes ëmzesetzen. Well et muss ee sech eens ginn, wéi eng sozial Medien, et muss ee sech eens ginn iwwert den Alter an et muss een haaptsächlech vis-à-vis vun de Plattformen d’Technologie hunn, déi et erlaabt, den Alter ze préiwen.”
Een Nolauschterer huet ugereegt, datt Jonker bis zu engem gewëssen Alter just een Telefon sollten hunn, fir ze telefonéieren an net fir an den Internet ze goen. Do huet déi delegéiert Medieministesch awer gemengt, datt dat méi schwéier ëmzesetze wier.
Ee konkrete Problem bei der Notzung vu soziale Medien ass d’Méiglechkeet vum Cybermobbing. Do spillt mëttlerweil och déi kënschtlech Intelligenz eng Roll, zum Beispill den Chatbot Grok vun der Plattform X, deen et op d’mannst bis viru Kuerzem erlaabt huet, intim Biller vu Leit hierzestellen. Dozou de Jeff Kaufmann vu Bee Secure:
“Bei eis op der Bee Secure-Helpline, eiser Berodungsstell, ass an deem spezifesche Fall nach näischt komm, mee mir kruten awer scho mat, datt dat Thema ki-generéiert intim Biller, datt dat a verschiddene Fäll scho genannt ginn ass. Dat heescht, dat ass eng Realitéit, déi sécherlech mat deene Biller, déi vun enger kënschtlecher Intelligenz hiergestallt ginn, och zu Lëtzebuerg ukomm ass.”
Vun der Justizministesch war et dann d’Annonce, datt Cybermobbing an Zukunft méi streng bestrooft soll ginn.
Wat eng Altersbegrenzung fir sozial Medien ugeet, gouf et duerchaus och méi kritesch Stëmmen, zum Beispill dësen Nolauschterer:
“Ech hunn der 77, mee ech ka mech nach ganz gutt un déi onglécklech Joren erënneren, wéi ech 15 war. Ech wollt sou gär Moto fueren, mee ech hunn net däerfen, ech wollt och gär mol an de Kino goen, mee da war hei verbueden, do verbueden. Ech sinn net fir déi Verbueter, iwwerzeegt d’Kanner, wat se solle maachen an net carrement verbidden.” Anescht géing d’Gefor bestoen, datt Populisten déi Jonk fir hir Zwecker manipuléiere géingen.
Een Nolauschterer vu 15 Joer huet iwwerdeems dofir plädéiert, méi op Preventioun ze setzen:
“Ech fanne mat 12, wann s de do ragesat gëss mat Kontroll vun den Elteren a vum Lycée a vun der Schoul, déi der wierklech bäibréngt, wat sinn d’Geforen, wat net, dat wier vill méi sécher, wéi wann s de einfach ee 16-Järege an d’Netz erausschécks, dee keng Anung vum Internet huet.”
D’Elisabeth Margue huet ze bedenke ginn, datt net all d’Elteren d’selwecht gutt iwwerpréiwe kéinten, wat hir Kanner am Internet maachen. Ee Verbuet wier d’Méiglechkeet, fir all déi Jonk d’selwecht ze schützen.
An den nächste Mëttwoch wäert och an enger Aktualitéitsstonn an der Chamber iwwert dee Sujet diskutéiert ginn.
D’Justizministesch Elisabeth Margue an de Jeff Kaufmann vu BeeSecure hu sech de Froe vun eisen Nolauschterer gestallt.