
Am Januar waren dowéinst fir déi zwee Männer Prisongsstrofe vu 15 an 18 Joer gesprach ginn. Viru bal 8 Joer war fir d'éischt de Patron vun enger Fiduciaire bei sech doheem zu Eech iwwerfall ginn. Déi zwee Haaptleit haten doropshi Bijoutieren an d'Firma an der Millebaach bestelle gelooss an hinne virun allem wäertvoll Auere geklaut. Zu gudder Lescht goung et mat enger Geisel am Auto bis op Paräis.
Vun enger aussergewéinlecher Affär huet d'Vertriederin vum Parquet général an hirem Requisitoire geschwat: aussergewéinlech wéinst der Komplexitéit vun de Faiten, déi iwwer eis Grenzen erausgoungen, wéinst der Gravitéit vun de Faiten, mat ënnert anerem zwou Sequestratiounen an der Geisel, wéinst dem Profil vun den Haaptleit, zwee erfuerene Kriminellen, déi fir en änleche Fait a Frankräich 7 an 10 Joer Prisong kritt haten a wéinst deem, wat geklaut gouf, eng 150.000 Euro Cash a Bijoue fir iwwer eng Millioun Euro.
D'Faiten, mat der Geschicht vun engem kuwaitesche Prënz, dee vill Suen a Bijoue stieche wéilt, dem Rendez-vous mam Haaptaffer, dat ënnert anerem eng Rëpp gebrach krut, an der Flucht, mat enger Geisel, op Paräis, wären net méi kontestéiert vun den zwee Haaptugekloten, déi Ufank 2013 festgeholl gi waren. Wat d'Infraktiounen ugeet, wären ënnert anerem d'Sequestratiounen, d'Vols à l'aide de violences an d'Association de malfaiteurs zréckzebehalen. Op deene Punkte sollt dat 1. Urteel confirméiert ginn, woubäi dee Mann, deen an 1. Instanz déi méi héich Prisongsstrof krut, de Chef vun der krimineller Vereenegung gewiescht wär.
Zu de Strofe sot d'Vertriederin vum Parquet général, dass d'Iwwerschreide vum Délai raisonnable och misst confirméiert ginn. D'Strofmooss géif bei 15 bis 25 Joer leien, wougéint d'Affekote vun den zwee Haaptleit fir Strofe vu maximal 10 Joer plädéiert hätten. Well déi zwee Männer de Choix vun enger krimineller Karriär gemaach hätten a kee Changement z'erwaarde wär, sollt et bei de Strofen aus 1. Instanz bleiwen, also 18 a 15 Joer Prisong.
D'Appellsuerteel gëtt den 18. November gesprach.