Virun 12 Joer huet de Lëtzebuerger Triathlet Yannick Lieners de “Plooschter Projet” an d’Liewe geruff, eng Asbl, déi sech zënterhier dofir asetzt, dass esouvill Leit ewéi méiglech sech als Spender vu Stammzelle registréiere loossen. An dat mat Succès: bis haut zielt d’Asbl iwwer 17.000 Registréierungen, a leescht domadder e grousse Bäitrag am Kampf géint Leukemie. D’Aktioun an der Victor Hugo Hal war mat “Save a Life – fir d’Caroline an all déi, déi géint Leukemie kämpfen” iwwerschriwwen.
D’Caroline ass eng talentéiert a begeeschtert Äiskonschtleeferin an zënter 2024 krank. D’Caroline huet Leukemie a versicht bis haut, dëser uerger Krankheet Meeschter ze ginn. Déi jonk Fra brauch Hëllef, ass op Leit ugewisen, déi Stammzelle spenden. De Fall Caroline stoung haut fir jiddwereen, dee Leukemie huet, an, un hirer Säit, d’Mady Elvinger, déi dës Aktioun mam Plooschter Projet organiséiert huet. Als Presidentin vum Äiskonschtlafclub Kockelscheier huet si d’Caroline vun Ufank u begleet, am Sport an och wéi et krank ginn ass. D’Caroline géing genee observéieren, wat d’Leit fir hatt maachen an et kréich Kraaft dorausser.
“Et ass immens wéi dëst Land sech mobiliséiert fir d’Caroline an all d’Patienten, déi ënner Leukemie leiden. Ech menge mir schreiwen haut Geschicht, mat dëser Aktioun”, seet d’Eva, d’Mamm vum Caroline. An effektiv, am fréien Nomëtte war de Rekord vun deem, wat de Plooschter Projet bis elo scho mat sengen Aktioune fäerdeg bruecht huet, gebrach. D’Schlaang vu Leit, déi sech teste wollte loossen, ass einfach net méi kleng ginn.
“Dat hei gëtt eis gréissten Aktioun, mir hunn de Moie scho 400 Leit gezielt, déi sech teste gelooss hunn”, freet sech de Yannick Lieners, Initiateur vum Plooschter Projet. Den Triathlet krut 2014 d’Diagnos Leukemie a setzt sech zënterhier dofir an, Stammzellespender mobiliséiert ze kréien. D’Schwëmmerin Paule Kremer huet sech direkt registréiert an och den Tom Habscheid, Spëtzesportler am Bommstousse bei de Paralympics, ass scho Stammzellespender.
De Kampf géint Leukemie ass en Equippesport, soen déi, déi sech engagéieren. Mee deen, deen dat hei verpasst huet, an awer wëllt hëllefen, ka sech beim Plooschter Projet iwwer eng nächst Aktioun schlau maachen, oder einfach ouni Ordonnance an e Labo goe fir sech testen ze loossen.