Rettungshelikopter op der PlazFënnef Blesséierter bei Accident tëscht dem Waldhaff a Gonnereng
Géint 16.12 Auer e Mëttwochmëtteg krute sech op der N11 tëscht dem Waldhaff a Gonnereng e puer Autoen ze paken.
Fënnef Persoune goufen hei blesséiert. Nieft dem Rettungshelikopter vun der Air Rescue waren d’Ambulanze vu Jonglënster, aus der Stad, der Fiels a vun Iechternach op der Plaz. Grad ewéi de Samu an d’Pompjeeë vun Nidderaanwen.
D’Streck war wärend de Rettungsaarbechten a béid Direktioune fir den Trafic gespaart. Um 17.37 Auer ass d’Strooss a Richtung Stad nees opgaangen. An Direktioun Iechternach ass se den Ament nach zou.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.