Asätz vum CGDISFeier an Appartement zu Esch a 4 Blesséierter bei Accident op der A4

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsekippe vum CGDIS waren e Mëttwoch de Moien op dräi verschidden Asätz geruff ginn.

Wéi de CGDIS schreift, hat et kuerz no 5 Auer an engem Appartement zu Esch an der Rue du canal gebrannt. Et blouf beim Materialschued. Geläscht gouf d’Feier vun de Pompjeeë vun Esch, Keel a Schëffleng. Donieft waren och d’Ambulanciere vun Esch op der Plaz.

Op der A4 a Richtung Stad hat et iwwerdeem géint 6.38 Auer op der Héicht Lankelz-Lalleng tëscht dräi Autoe gerabbelt. Hei gouf et am ganze véier Blesséierter, déi vun den Ambulanciere vun Esch, der Stad an dem Zenter SaDiff versuergt goufen. Och d’Pompjeeë vu Keel, Monnerech a Schëffleng waren um Asaz.

Géint 9.29 Auer waren dann nach zwee Autoen um RN07 tëscht dem Rouscht a Miersch anenee gerannt. Och hei waren zwou Persoune blesséiert ginn. Hei waren et d’Rettungsekippe vu Biissen a Miersch am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO