OpgepasstFalsch Poliziste froen 20 Euro, fir däitsch Grenz ze passéieren

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Bundespolizei matdeelt, hunn Onéierlecher sech op der Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland positionéiert an hunn de Leit Geld ofgeknäppt.

Wéi et heescht, hätte béid Männer normal Kleedung un, ma hätten awer och Jacketten a Mutze vun der Police gedroen.

Déi Onéierlech stoungen op de Grenziwwergäng Roth a Wallendorf, hu sech awer mat engem normalen Auto aus dem Stëbs gemaach, wéi eng Persoun nogefrot huet, wéi e Policebüro se kontaktéiere kéint.

Wien eppes kéint gesinn hunn, soll sech bei der Police vun Tréier mellen, dat um 0651-43678-0.

Back to Top
CIM LOGO