Presuméiert Täter goufe gepëtztEt goufen nees eng Partie Autoen opgebrach

Andy Brücker
Souwuel an der Stad, wéi och zu Ierpeldeng bei Réimech waren nees Onéierlecher aktiv.

An der Nuecht op en Dënschdeg gouf e Mann gemellt, deen an der Rue Laurent Ménager géif probéieren, en Auto opzebriechen. Eng Policepatrull war séier op der Plaz an huet festgestallt, dass bei dräi Gefierer d’Bäifuererfënster ageschloe gi war. De presuméierten Täter konnt kuerz drop gepëtzt ginn.

An der Rue de Mondorf zu Ierpeldeng war dann och en Déif aktiv. Dëse gouf gestéiert, wéi e sech Zougang zu engem Auto verschaaft hat, an du vum Partner vun der Autosbesëtzerin erwëscht gouf. Beim Verdächtege goufe geklaute Saache séchergestallt.

D’Police informéiert: Wéi kann ech mech virun Abréch a mäin Auto schützen?

Iwwerfall zu Wëntreng

E Méindeg am Nomëtteg gouf eng Persoun an der Wäistrooss zu Wëntreng iwwerfall. Wéi d’Police schreift, krut d’Affer éischten Informatiounen no eng Kette vum Hals gerappt, dat vun enger Täterin. D’Affer gouf liicht verwonnt a koum fir eng Kontroll an d’Spidol. D’Täterin konnt sech duerch d’Baschte maachen.

Back to Top
CIM LOGO