D’Schierbele leien nach um Buedem. Et gouf an een Auto an der Montée de Pafendall agebrach an an dräi anerer an der Rue Sosthène Weis. Ënner Nopere wier ee sech bal sécher, dass dee selwechten Täter um Wierk war. Eisen Zeien, deen anonym wëll bleiwen, erkläert: “Et ass um selwechte Moment geschitt, dofir si mir eis bal sécher, dass et déi selwecht Persoun war. Dobäi kënnt, dass de Schued an d’Motiv allkéiers déi nämmlecht waren. D’Viischt Fënster gouf opgebrach an et gouf no Suen oder Wäertsaache gesicht.”
De leschte Weekend wier och an een Auto agebrach ginn, deen an enger anerer Strooss net wäit dovunner stoung. Eisem Zeien no géifen net nëmmen Autoe mat lëtzebuergesche Placke viséiert, et wier och an Autoe mat auslännesche Placken agebrach ginn. Der Noperschaft wär opgefall, dass dacks de selwechte Stil vun Autoen erausgesicht gouf:
“Et ass eis opgefall, dass éischter a manner héichwäerteg Autoen, déi dacks keen Alarmsystem hunn, agebrach gëtt. Ouni Alarm ass et méi einfach eppes ze klauen. Et ass eis bei elo nach net opgefall, dass a méi deier Autoen agebrach gouf, well et do dacks eng Alarm gëtt.”
Eisen Zeien huet bei der Police eng Plainte deposéiert. Hei krut hie Rotschléi mat op de Wee, wéi een esou Doten evitéiere kéint.
“Den éischte Rotschlo ass an enger Garage ze parken, mee dat ass net ëmmer méiglech. Den zweeten ass, den Auto ze raumen a keng Decken, Rucksäck dra léien ze loossen, dat sinn alles Géigestänn, déi den Auto fir Täter kéinten interessant maachen.”
Op Nofro konnt d’Police eis schrëftlech confirméieren, dass e Méindeg a véier Autoen am Pafendall agebrach gouf. Allgemeng wier et an de leschte Wochen am Pafendall zu ee bis zwee Auto-Abréch pro Woch komm. Deementspriechend Ermëttlunge géife lafen, esou d’Police. D’Police verweist och op hiren Internetsite wou si nach weider Rotschléi ginn, déi kéinten esou Dote verhënneren.