Ënnert den Doudesfäll ware bis ewell 10 Leit aus Alters- oder Fleegeheemer, dat suergt natierlech fir eng grouss Veronsécherung bei de Pensionären aus den Heemer an hire Familljen.
D'Regierung huet den Accès an d'Strukture jo komplett verbueden an et gëtt gesot, bei deene klengste Symptomer géifen d'Leit an hiren Zëmmer oder op engem separate Stack isoléiert, mä et kann ee sech froen ob dat duergeet. Misste Covid-19 positiv Leit net d'office aus Altersheemer erausgeholl ginn? Ass d'Ustiechungsgefor och iwwert d'Personal, grad bei dëser Risikopopulatioun net ze grouss?
Wärend eng Rei Direktioune vun Altersheemer eis keen Interview virun der Kamera wollte ginn, betoune si awer alleguer, dass d'Bewunner an hir Famillje reegelméisseg an am Detail géifen iwwert d'Situatioun an den Haiser informéiert ginn.
D'Sécherheetsmesuren, un déi sech d'Personal vun den Heemer mussen halen, sinn dann e Méindeg och nach eng Kéier e Strapp méi streng ginn.
An den Haiser vu Servior organiséiert sech d'Personal och esou, dass ëmmer déi selwecht Leit sech ëm infizéiert Patiente këmmeren an dass si dat um Enn vun hirer Schicht maachen, fir esou de Risiko ze miniméieren, gesond Bewunner unzestiechen.
Nieft dem Personal, dat de Virus vu bausse kéint eraschleefen, ass dee gréisste Risiko, wann d'Bewunner selwer eraus ginn. Dofir gëtt an den Haiser vu Servior elo och all Bewunner fir ronn zwou Wochen isoléiert, wann een zum Beispill aus dem Spidol erëmkënnt. Iwwerhaapt géifen d'Leit bei den éischte Symptomer preventiv an hiren Zëmmer isoléiert ginn. Bei Servior sinn dat der aktuell ronn 210, vun am Ganze méi wéi 1.600 Leit, déi bei hinne wunnen. Hei géif d'Personal awer grouss Efforte maachen, fir z'evitéieren, dass d'Leit ze vill verdrësslech ginn.
D'Personal géif sech immens vill Méi ginn, fir d'Leit an den Heemer ze schützen. Och wann ee sech bewosst ass, dass ee kaum evitéiert kritt, dass nach weider Leit sech infizéieren.
