Ëmgang mat Caritas-Personal ass net an der ReiEng Rei politesch Parteie fuerderen dréngend Opklärung

Tim Morizet
Wéi déi lescht Méint mam Personal vun der Caritas ëmgaange gouf, ass net an der Rei. Do ass och d'Politik sech eens.
Ëmgang mat Caritas-Personal ass net an der Rei
Eng Rei politesch Parteie fuerderen dréngend Opklärung.

“Mir sinn am Stach gelooss ginn”, dat sot jo d’Caritas Mataarbechterin Carole Reckinger virun 2 Deeg am RTL-Interview. Vum Moment u, wéi de Krise-Kommitee bis en Place war, wär et keng Kommunikatioun méi mat de Mataarbechter ginn. Et hätt och un Empathie gefeelt. Eng Rei politesch Parteie fuerderen elo dréngend Opklärung.

E Krise-Komitee fir séier Léisungen, Deklaratioune vum Staat, dee sech vun der Caritas distanzéiert, e Verwaltungsrot deen an den Eck gestallt an en Direktiounscomité deen ofgeschaaft gëtt. Vun Deklaratioun zu Deklaratioun gëtt d‘Caritas Zopp ëmmer méi dréif.

Fir de Public, ma och fir déi gutt 300 Mataarbechter, déi iwwer Méint näischt gewuer ginn, esou d‘Kritik vum Carole Reckinger, Cheffin vum politesche Plädoyer bei der Caritas e Méindeg am RTL Interview. Et sinn Aussoen déi erféieren, esou och den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz: “A mengen viregte Liewen als Gewerkschaftssekretär hunn ech vill Betriber gesinn déi Dieren zougemaach hunn. Mee do war et awer ëmmer kloer. Et ass och kommunizéiert ginn. D‘Leit wosste wéi eng Etappe géifen als nächst geschéien, well et och fir si wichteg ass, a wéi eng Richtung et geet. A wat ass d‘Perspektiv fir sech a fir déi Leit déi betreien. Datt dat Mënschlecht verluer gaangen ass, bedaueren ech.”
Den Interêt vun de Leit stoung am Hannergrond, bedauert och d’Djuna Bernard. Och well déi nei Organisatioun „Hëllef um Terrain“ de politesche Plädoyer, also d‘Ufuerderungen un d‘Politik vum Terrain ofgëtt.

Djuna Bernard, Co-Parteipresidentin: “Ech mengen et si ganz vill wirtschaftlech Interête gekuckt ginn. Legaler déi gekuckt goufen. Mee dee ganze mënschlechen Aspekt a hei verluer gaangen. Souwuel am Ëmgang mat de Mataarbechter, wéi och d‘Zukunft vun der Kooperatioun. Mee gläichzäiteg och d‘Häerz vun deem ganze Secteur dat a Fro gestallt gëtt, well mer elo hei an eng Déngschtleeschtungsentreprise eriwwer ginn, wéi den Här Billon dat sëlwer seet. Dat weist wéi wéineg Verständnis vum Secteur iwwerhaapt do virläit.”

De Krise-Comité hätt dem Personal e Verbuet operluecht mat der Press ze schwätzen. Direktioun soll verbuede kritt hu mam Personal ze schwätzen. De Christian Billon streit dat of: “D‘Caritas ass eng grouss Entreprise et hu vill Leit fir si geschafft – mee et si Rumeuren ewéi et se a villen Entreprise gëtt. Déi suerge just fir weider Angscht.”

Fir den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo awer ass kloer: d‘Aarbecht vum Krise-Comité muss analyséiert ginn: “Mir hunn immens vill Froen. A wat mir méi Froe stellen an “Äntwerte“ kommen, wat ëmmer méi nei Froen opkommen. Ech hätt gäre komplett Transparenz. Datt deen Dossier komplett opgeschafft gëtt. Fir datt een aus der heite Saach leiert a fir d‘Zukunft léiert.”

Eng speziell Kommissioun gouf vun der LSAP gefrot, fir d‘Opschaffe vum Dossier Caritas ze erliichteren.

Back to Top
CIM LOGO