
E Sonndeg gouf de Beamten am spéiden Nomëtteg zum Beispill ee Chauffer gemellt, dee vun Ettelbréck a Richtung Fridhaff ënnerwee war an nawell Probleemer domat hat, d’Spuer ze halen. Eng Policepatrull konnt de Won, dee signaliséiert gi war, séier identifizéieren an huet ee provisorescht Fuerverbuet ausgesprach, nodeems den Alkoholtest ee positiivt Resultat geliwwert huet.
E Sonndeg den Owend gouf et dunn nach ee Virfall op der A7, dat op der Héicht vun Aasselscheier. Hei gouf een Automobilist vun der Police gestoppt an op Alkohol getest. Och hei gouf an der Suite ee provisorescht Fuerverbuet ausgesprach. Am Kader vun enger Vitesskontroll an der Nuecht op e Méindeg zu Ettelbréck an der Rue de Bastogne gouf ausserdeem nach een Auto gestoppt, deen ze séier gefuer ass. Am Kader vun der Kontroll ass de Beamten opgefall, datt et am Won no Cannabis gericht huet. Beim Chauffer gouf dann och een Joint saiséiert. Och hie muss den Auto déi nächst Zäit stoe loossen.
Eng Automobilistin ass de Beamten dann nach an der Nuecht op e Méindeg an d’Ae gefall. Si stoung am Verdacht, mat Alkohol am Blutt op der A7 ënnerwee gewiescht ze sinn. Eng Policepatrull huet si gestoppt an effektiv huet en Test gewisen, datt si ze vill gedronk hat.
Eng Rei gréisser Alkoholkontrolle gouf et e Sonndeg dann och nach am Norde vum Land. Zu Veianen, Gilsdref an Ierpeldeng hunn d’Automobilisten op Uerder vum Parquet misse blosen, wéi d’Police e Méindeg de Moie matdeelt. Am Ganze goufe 706 Chauffere kontrolléiert. An zwee Fäll war den Alkoholtest positiv. Ee Chauffer krut een Avertissement taxé. Bei de Kontrolle goufen awer fënnef aner Verstéiss géint de Code la route festgestallt. Hei gouf et jeeweils een Avertissement taxé.