
Méi genee war der Police um Dënschdegmoien e versichten Déifstall an engem Buttek an der Rue du Fort Neipperg gemellt ginn. De presuméierten Déif wollt grad Kopfhörer klauen, wéi e vum Sécherheetspersonal vum Buttek erwëscht gouf. Eng Patrull gouf op d’Plaz geruff, déi de Verdächtegen op Uerder vum Parquet festgeholl huet. De presuméierten Täter koum virun den Untersuchungsriichter.
Um spéiden Dënschdegowend waren dann zwee Männer an e Geschäft an der Rue Jean Origer am Garer Quartier agebrach an hunn hei e puer Fläschen Alkohol geklaut. Poliziste konnte kuerz drop ee vun deenen zwee lokaliséieren. Hien hat nach geklaut Géigestänn bei sech souwéi e Schrauwenzéier, déi séchergestallt goufen. Op Uerder vum Parquet gouf och dëse Mann festgeholl an hat Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.