Eng 2.000 Appeller den Dag kommen op der Telefon-Hotline 8002 8080 eran. Hei kënne sech besonnesch déi Leit mellen, déi Symptomer vum Coronavirus hunn oder déi Informatiounen iwwert d'Aarbechtsrecht wëlle kréien. 24 Stonnen op 24 äntweren hei ënnert anerem Mataarbechter aus verschiddene Verwaltungen an der Police op Froen vun de Leit.
Zanter Ufank Mäerz ass d'Hotline a Betrib. Am Ufank goufe besonnesch Froen am Zesummenhang mam Coronavirus gestallt. Zum Beispill, wat d'Symptomer, d'Ursaachen an d'Tester ugeet. Ma zanter kuerzem géife méi Froen aus de Beräicher Educatioun an Aarbechtsrecht gestallt ginn.
Pro Dag kommen eng 2.000 Appeller eran. De CGDIS mécht dann och den Appell, datt d'Leit sech fir d'éischt um Site vum Gouvernement an der Rubrik Coronavirus sollen informéieren. Fir eben all aner Froe ronderëm de Coronavirus ze stellen, sollen d'Leit op d'Hotline zréckgräifen, fir esou d'Nummer vum 112 z'entlaaschten.
Mataarbechter aus verschiddene Verwaltungen - der Police, dem CGDIS an der Militärmusek - schaffen an der Telefonszentral. 24 Stonnen op 24 beäntwere se d'Froen vu de Leit.
D'Mataarbechter schaffen a Schichten. Jee no Besoin kënnen d'Capacitéite vun den 18 Linnen, déi aktivéiert goufen, eropgesat ginn. Den Ament bleift d'Zuel vun den Appeller konstant. Ma an Zukunft geet een dovunner aus, datt dës Zuel an d'Luucht geet.
