Wäitsiicht vun der Regierung verlaangtEnergietransitioun ELO, fuerderen déi Gréng

Claudia Kollwelter
Op enger Pressekonferenz hunn déi Gréng, mat Vue op de Krich am Iran, d'Regierung opgefuerdert, eng direkt Energietransitioun an Ugrëff ze huelen.
Sam Tanson, François Benoy a Joëlle Welfring vun déi Gréng
© Domingos Oliveira

“Energiepolitik ass och Sécherheetspolitik, dofir brauche mer ELO eng Energietransitioun” - dat betounen déi Gréng am Kontext vum Iran-Krich an hunn op enger Pressekonferenz e Mëttwoch de Mëtteg virun allem Wäitsiicht vun der Regierung gefuerdert.

D’Energiepräisser wiere volatil an et dierft een net just nokucken, wat dann elo geschitt, mee proaktiv agéiere soen déi Gréng kloer. Der Sam Tanson no bräicht de Staat déi néideg Mëttele fir:

“Éischtens musse mer kuerzfristeg d’Kris offiederen an zweetens laangfristeg dogéintsteieren, net an esou Situatiounen ze kommen, wéi déi, déi mer grad erliewen.”

Kloer wier datt eng wäitsiichteg Energiepolitik an eng responsabel Finanzpolitik zesumme géife gehéieren. An do wier d’sozial Gerechtegkeet kruzial. D’Joëlle Welfring betount, datt elo schonn Texter musse preparéiert ginn:

“Datt, wann et néideg wier, séier en Energiesteierkredit fir Leit mat niddregem a mëttlerem Akommes kann an d’Weeër geleet ginn, fir déi finanziell ze ënnerstëtzen. Dat huet de Virdeel, datt déi direkt mam Salaire kënnen ausbezuelt ginn, an et also onkomplizéiert a geziilt ass. Leit mat manner Revenu hu proportionell vill méi héich Ausgabe fir Energie.”

Och d’Entreprisë misste gezillt gehollef kréien, fir se bei Haussen ze entlaaschten. De François Benoy huet dann nach ënnerstrach, datt d’Hausse vun den Energiepräisser kee Pretext dierf sinn, fir d’Klimaschutzziler elo ze verwässeren:

“Well grad déi brauche mer elo fir méi onofhängeg ze ginn, dofir brauch et national wéi och europäesch e massiven Investitiounsprogramm fir d’erneierbar Energien, fir d’Elektrifizéierung vun der Ekonomie an der Industrie.”

D’CSV-DP Regierung misst elo déi richteg Leit ronderëm en Dësch ruffen - an dat esou séier wéi méiglech, hunn déi Gréng nach betount.

Back to Top
CIM LOGO