En Dënschdeg de Moie géint 10.10 Auer krut e Camion op der A6 op der Héicht vu Stroossen d’kalifornesch Mauer ze paken, dat nodeems e Pneu geplatzt war. Duerch de Kontakt vum Camion ass d’kalifornesch Mauer gebrach an de Camion ass ëmgekippt. Op der anerer Säit vun der Autobunn gouf en Auto vu Stécker vun der futtisser kalifornescher Mauer getraff.
D’Bréck, ënnert där de Camion un d’Hale komm ass, muss elo op Beschiedegunge kontrolléiert ginn, esou d’Ausso vu Ponts et Chaussées op der Plaz.
Wéi de CGDIS schreift, gouf eng Persoun beim Accident blesséiert. Vun der Plaz ass et d’Informatioun, dass de Chauffer vum Camion aus senger Kabinn huet misse geschnidde ginn. Wéi d’Police am Laf vun en Dënschdeg de Mëtteg confirméiert huet, war de Chauffer vum Camion blesséiert ginn a koum no enger Éischtversuergung an d’Spidol.
Wéinst dem Accident ass och um Dënschdeg den Owend d’A6 a Richtung Stad vun der Héicht Stroossen u komplett gespaart. A Richtung Arel ass déi riets Spuer op, wéi de Cita preziséiert. Den Trafic a Richtung Stad muss weiderhin zu Stroossen erausfueren.
D’Pompjeeë vu Mamer an aus der Stad goufen an den Asaz geruff, grad ewéi eng Ambulanz aus der Stad an den Escher Samu.