Associatioun AAP besuergtËmmer méi Aggressiounen, Iwwergrëffer a Menacë géint Giischtercher

RTL Lëtzebuerg
D'Associatioun vun de Giischtercher fuerdert e bessere Schutz vun den Agenten an de Prisongen.
Symbolbild Prisong
© Valentin Wagner

D’Associatioun vun de Giischtercher seet sech en Dënschdeg de Moien an engem Schreiwes besuergt iwwer d’Situatioun an de Prisongen. D’Zuel un Aggressiounen, Iwwergrëffer a Menacë géing zouhuelen. Bannent enger Woch wiere véier Giischtercher aggresséiert ginn. Vill anerer géinge menacéiert oder beleedegt ginn an déi scho kritesch Situatioun géif sech verschlechteren.

Déi zoustänneg Autoritéite missten dréngend eppes ënnerhuelen, fir d’Sécherheet an d’Wuelbefanne vun den Agenten ze garantéieren, fuerdert d’Associatioun.

Schreiwes vun der Association des Agents Pénitentiaires
Agents pénitentiaires : alerte face à une hausse des agressions


Liest dozou och nach:

Back to Top
CIM LOGO