Tëschefall zu GiwenechGiischtjen mat Stéck Holz ugegraff a blesséiert

Andy Brücker
Op d'Giischtercher, déi enger flüchtender Persoun nogelaf sinn, ass mat engem Stéck Holz gehäit ginn. Dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn, esou d'Associatioun vun de Giischtercher an d'Administration pénitentiaire.
© RTL (Archiv)

Wéi de Samir Djennas, President vun der Association des Agents Pénitentiaires an engem Schreiwes matdeelt, koum et en Dënschdeg de Moien zu engem schroen Tëschefall zu Giwenech. Den aktuellen Informatiounen no hätt ee Prisonéier e Giischtjen agresséiert. Dee wier dobäi blesséiert ginn an huet musse medezinesch behandelt ginn.

Am Nomëtteg waren an enger Matdeelung vun der Administration pénitentiaire weider Detailer zum Tëschefall ze liesen. Deemno wollt sech géint 10.30 Auer eng Persoun aus dem Stëbs maachen. Wéi se vu Giischtercher verfollegt gouf, huet si mat engem Stéck Holz op d’Beamte gehäit. Dobäi ass ee Giischtje liicht un der Hand an um Bauch blesséiert ginn, sou datt en duerno fir eng Kontroll an d’Urgence komm ass.

De Parquet ass iwwert de Virfall informéiert ginn, ausserdeem war d’Police op der Plaz. Eng Enquête ass opgemaach ginn, fir déi genee Ëmstänn vun der Aggressioun z’ermëttelen.

Back to Top
CIM LOGO