Datt déi betraffe Leit “all aggressiv sinn, a net schaffe wëllen”, géif net der Realitéit entspriechen, déi si am Alldag um Terrain erlieft, seet déi Responsabel vum Service Streetwork vun Hëllef vum Terrain (HUT). Et géif dacks u Mënschlechkeet a Verständnes feelen, vis a vis vun de Sans-abrien. Well et wiere ganz vill Leit op der Strooss, déi och gäre schaffe géifen, fir aus hirer Situatioun eraus ze kommen. Dee Wee fir dohi wier awer schwiereg. Ma fir de Leit op der Strooss beschtméiglech ze hëllefen, si ze orientéieren an einfach een oppent Ouer fir si ze hunn, gëtt et de Service Streetwork. Dee vun der Stad Lëtzebuerg koordinéiert a vun Ekippen aus 4 Associatiounen um Terrain assuréiert gëtt.
D’ Emma Fanczalksi (Educatrice Graduée) a säin Aarbechtskolleeg, den Assistant social Jaime Hernandez, gehéieren zum Streetwork vun HUT. Egal ob bei guddem oder schlechtem Wieder, um fréie Mueren, mëttes oder owes - Déi zwee Sozialaarbechter si vu méindes bis freides ënnerwee op ëffentlechen an och méi isoléierte Plazen an der Stad ënnerwee. Hiert d’Zil ass: Ee Lien mat de Leit opzebauen, déi sech net méi esou richteg an der Gesellschaft erëmfannen.
An der Serie “Mir, am Sozialen” stinn déi am Fokus, déi deene Schwächste vun der Gesellschaft am Alldag Hëllef bidden. Et si Portraite vu Leit, déi sech do asetzen, wou anerer dacks ewechkucken. Een Abléck an d’Aarbecht vun de Sozial-Aarbechter aus de verschiddenste Servicer a Strukturen am Land.
All d’ Reportagë fannt dir op RTL Play.