De Marc Stein ass Psycholog bei der Police an Expert am Beräich Krisepsychologie. D’Hamsterkeef, déi een an de leschte Wochen iwwerall uechter d’Welt observéiere konnt, waren aus psychologescher Siicht z'erwaarden. Esou Verhalensweise falen an d’Kategorie vun der Massepanik an trieden typescherweis op, wa Leit eng extrem Onsécherheet verspieren an d’Gefill hunn, d’Situatioun net méi kontrolléieren ze kënnen.
Marc Stein: ”Et ass eigentlech e Gruppeverhalen, wat onkontrolléiert ass a kapplos, meeschtens esouguer kontraproduktiv bis carrement geféierlech. A wéi léisst sech dat erklären? An enger Situatioun, wou d’Leit net wëssen, wéi et virugeet, passe se hiert Verhalen un den Noper un. Wann den Noper ufänkt mat lafen, da lafe si och mol mat. Si wëssen zwar net onbedéngt, firwat, mä se lafe mat. Et ass eigentlech esou e Gruppentrieb bei sozialen Déieren an dat ass de Mënsch jo och.”
Esou Phenomener hätt et zwar schonn ëmmer ginn, trotzdeem wär d’Situatioun, déi mer grad erliewen, eng nei, schonn eleng duerch déi sozial Medien. Nieft der viraler, medezinescher Pandemie géif et nämlech aktuell eng psychesch Pandemie an déi géif duerch déi sozial Medien befeiert ginn. Allgemeng droen déi sozial Medien zu enger reegelrechter Informatiounsflut bäi, an der Wourechten a Fake-News sech vermëschen. Fir d’Sich no Informatiounen eegne sech dofir éischter ausgewielte seriö Quellen, ma och dës réit de Psycholog, net exzessiv ze notzen
Marc Stein: ”Mir ginn de Leit de Rotschlag, net dauernd um Handy oder PC ze hänken. Kuckt eng Kéier moies d'Noriichten an da leet der den Telefon ewech, wann der en net braucht a maacht den Dag iwwer eppes aneres an dann Owes kuckt der och nach eng Kéier. Dann hutt der ëmmer nach all d’Informatiounen, déi der braucht an dat geet da vëllegen duer. Ech géif och Leit, déi besonnesch ängschtlech sinn, roden, virun allem Corona-Tickeren an esou Push-News ze desabonnéieren, se maache sech just selwer fäerdeg.”
Villäicht ëm sou méi gëllt dee Rotschlo an Zäite wou d’Leit dozou opgeruff sinn, esouwäit et geet eleng doheem ze bleiwen. Den Austausch iwwert déi eege Gedanken an Ängscht bleift trotzdeem wichteg, sief et mat gudde Kolleegen oder mat Psychologen, déi an dësen Zäiten hire Service och via Teletravail ubidden. Wichteg wär et awer, sech net ze vill mat den negativen Themen ze befaassen, mä d’Zäit a Quarantän fir sech sënnvoll ze notzen. E Perspektivewiessel kann et scho bréngen, sech bewosst ze maachen, firwat een a Quarantän ass: Dass et keng Strof ass, mä eng Mesure, fir Mënscheliewen ze retten.