Optakt vu Geriichtsprozess"Ech wollt net dee sinn, deen ee verréit"

Céline Eischen
Diana Hoffmann
Véier Poliziste mussen sech um Stater Geriicht wéinst engem Virfall um fréiere Policekommissariat Lëtzebuerg-Gare den 20. Mee 2023 veräntwerten.
Optakt vum Prozess ronderëm Policegewalt
4 Beamte gëtt ënnert anerem Kierperverletzung, Autoritéitsmëssbrauch a Justizbehënnerung virgehäit.

Ee vun de Polizisten, deen zu där Zäit nach keen Déngscht hat, soll der Persoun a Gewarsam mat der Fauscht an d’Gesiicht geschloen hunn. Him ginn Tortur a fräiwëlleg Kierperverletzung reprochéiert.

 Wat awer genee op deem Dag tëscht 21 an 22 Auer um Kommissariat passéiert ass, ass net ganz kloer. De Beamte gëtt zwar zou, de Mann an d’Gesiicht geschloen ze hunn, mee mat der flaacher Hand. D’Expert an der Rechtsmedezin seet, dass dat zwar net auszeschléisse wier, mee d’Blessur géing éischter op e Schlag mat der Fauscht hindeiten. "Ech hunn dee Moment einfach reagéiert", seet de Beamte virun de Riichter. De Mann wier mam Aarm an der Luucht op hien duerkomm. Ausserdeem wier hie bei enger fréierer Renconter zwee Méint virdru scho vum Mann mam Doud menacéiert ginn, wou en dësen opgefuerdert hätt, e Bar ze verloossen. D’Affer selwer seet dogéint, et wier kee Grond fir d’Attack ginn, an hien hätt dem Beamte vis-a-vis ni esou eng Menace gemaach.

Wéi et den 20. Mee 2023 zum Virfall komm ass, waren déi Zwee dann net eleng an der Zell. Zwee weider Poliziste ware mam Beamten, deem Tortur a fräiwëlleg Kierperverletzung reprochéiert ginn, an de Raum vun der Zell gaangen. Een esouguer ganz mat eran. Genee gesinn hu wëlle si awer näischt. Dass, wei de Riichter et seet, soll eng Rechnung tëscht dem Affer an dem Ugeklote wéinst der leschter Renconter soll opgestanen hunn, hätt op d’mannst ee vun de Poliziste gewosst. Zu deem, wat an der Zell soll passéiert sinn, confirméiert dëse Beamten d’Versioun vu sengem Kolleeg. Wéi de Riichter hien du gefrot huet, ob hien esou Virfäll géing als normal ugesinn, sot en, dass dat esou nach net virkomm wier. De Riichter huet nogefrot, wisou hien dat dann net gemellt hätt. "Ech war frou, zum Grupp gehéiert ze hunn. Et huet Spaass gemaach, do ze schaffen an ech wollt net dee sinn, deen ee verréit", sou den haut 30 Joer ale Polizist. Deen drëtte Beamte wëll da guer näischt vun de Faite matkritt hunn, obwuel hien am selwechte Raum war an op sengem Handy soll gespillt hunn. Wisou hien do war? "Zoufall, domm gaangen. Falschen Zäitpunkt, falsch Plaz", äntwert hien dem Riichter op dës Fro. Hien hätt just e Knuppen héieren, mee sech näischt dobäi geduecht.

No der Dot goufen zwee jonk Beamten ugestallt, d’Blutt an der Zell ewech ze maachen, an och d’Affer, dat geblutt huet, propper ze maachen, ier en Dokter fir eng Kontroll kéim, wéi dat üblech wier. Ee vun de jonke Beamten hat wärend der Enquête bei der Police judicaire ausgesot, dass de Mann hätt missen dono beim Goe gestäipt ginn. Him wier gesot ginn, dësen hätt sech beim Immobiliséiere gewiert. Den Dokter hat da bei senger Kontroll festgehalen, dass de Mann am Garde à vue e geschwollent Aen hat an alkoholiséiert war. Hie konnt awer net soen, ob dëse gefall wier oder geschloe gi wier.

Opgeflunn ass d’Affär, wéi de Beamten, deen de Mann virum Virfall an d’Zell bruecht hat, säi Rapport geschriwwen huet. Dem Verbesserungsbüro war opgefall, dass do keng rieds dra war vu Blessure bei der Persoun an Arrest. Wéi sech de Beamten u säi Virgesetzte geriicht huet, huet dësen him fir d’éischt Verbesserungsvirschléi gemaach, ouni sech z’informéieren, wat passéiert wier. Och hie muss sech an dësem Prozess veräntwerte wéinst Behënnerung vun der Justiz. "Wa mer engem Polizist net méi kenne gleewen, wat e schreift, da kënne mer apaken. Dat ass bei Iech d’Gravitéit vun der Affär", betount de virsëtzende Riichter un d’Adress vum haut 38 Joer ale Mann. Dee Moment wier säi Gedanke gewiescht, dass et net derwäert wier, eng Affär doraus ze maachen, sou de fréiere Chef vum Kommissariat op der Gare. Wann hien nodréiglech de Parquet informéiert hätt, hätt hien d’Erfarung, dass dat eng laang Prozedur gi wier. Policegewalt um Kommissariat wier dann net generaliséiert gewiescht, mee et hätt een haart duerchgegraff, dat wier e Fakt.

Behënnerung vun der Justiz, eng Uklo, déi net just fir hien, mee och fir déi aner am Prozess involvéiert Beamte gëllt. Ee vun hinne soll dann de Mann och scho virdru mam Fouss an d’Rëpper gerannt hunn, wéi dëse refuséiert hat, säi Rimm auszedoen. De Beamte streit dëst awer of a seet, de Mann mat engem spezielle Grëff op de Buedem bruecht ze hunn. Dësem Beamte gëtt dann och reprochéiert, Co-Auteur vun der Dot ze sinn, well hien niewendru stoung an näischt ënnerholl huet, wéi säi Kolleeg d’Affer geschloen huet. Den Enquêteur vun der Police judiciaire huet festgehalen, dass d’Beamten an deem Kommissariat extrem zesummegehalen hätten, an et wier näischt no bausse gedroe ginn. Fir hie wier d’Gewalttätegkeet awer eendeiteg vun där enger Persoun ausgaangen, an di aner hätten aus falsch verstanener Loyalitéit näischt iwwert de Virfall gesot.

Speziell ass am Fall dann och nach, dass zwee vun de Beamten an der Affär zu deem Ament guer keen Déngscht haten. Deen ee war scho viru senger Schicht do, wéi dat senger Ausso no, üblech wier. Deen aneren huet Béier gedronk an op säi Kolleeg gewaart, bis deem seng Schicht eriwwer wier, fir zesummen eraus ze goen.

De Prozess geet e Mëttwoch de Mëtte weider. E weidere Fall mat Polizisten, dës Kéier an enger correctionneller Affär, wou ee Polizist aus dësem Prozess an e weideren implizéiert sinn, wäert dann d’nächst Woch drukommen.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO