
Fënnef Poliziste vum fréiere Kommissariat C3R Lëtzebuerg-Gare gëtt reprochéiert, sech net korrekt an hirem Déngscht verhalen ze hunn. Ënner anerem wéinst virsätzlecher Kierperverletzung an Autoritéitsmëssbrauch gëtt zwee vun hinnen vun en Dënschdeg de Mëtteg un de Prozess gemaach. Dräi anere gëtt an dësem Kontext Behënnerung vun der Justiz reprochéiert.
D'Faite ginn zeréck op zwee Virfäll am Joer 2023. Den 18. Mee sollen zwee Beamten e Mann an enger Zell vum Kommissariat Lëtzebuerg-Gare geschloen hunn an him dobäi eng Rëpp gebrach hunn. Zwee Deeg méi spéit, um Dag vum Nuetsmarathon an der Stad, soll dann en alkoholiséierte Mann an d'Ausniichterungszell vum Kommissariat bruecht gi sinn. Och hie soll vu Beamte geschloe gi sinn. De Reproche vu Policegewalt steet hei am Raum.
Dono soll da versicht gi sinn, dës Doten ze vertuschen. Hei gëtt dräi weidere Beamte virgehäit, ënner anerem falsch Donnéeën an e Bericht geschriwwen ze hunn. D'Uklopunkte sinn hei Behënnerung vun der Justiz a Fälschung.
De Prozess hätt eigentlech schonn de 17. Dezember zejoert sollten ugoen. Mee schonn ier et lassgaange war, war kloer ginn, dass d'Affären net an den dräi ugesate Sëtzunge gedoe wieren. D'Verdeedegung hat kuerzfristeg ugefrot, weider Zeien ze héieren. 18 sollten et deemno am Ganze sinn.
De Kommissariat C3R Lëtzebuerg-Gare gëtt et antëscht net méi. E gouf am November 2023 opgeléist.