
RTL krut e Méindeg de Mëtteg aus verschiddenen Deeler vum Land gemellt kritt, datt d'Bezuele mat der Kaart net méi méiglech wier. Worldline huet da méi spéit am Dag confirméiert, datt et op verschiddene Plazen am Land Problemer gouf, fir mat der Kaart ze bezuelen.De Problem hätt hiren Aussoen no tëscht 15.38 an 16.19 Auer bestanen. Alleguerten hir Ekippe wiere mobiliséiert ginn, fir de Problem ze léisen. Rieds geet vun engem internen Infrastruktur-Problem, deen d'Connectivitéit betrëfft. Et géing een d'Situatioun weider iwwerwaachen, sou nach Worldline.