Reform vun der Europäescher AgrarpolitikE Meilesteen oder awer eng grouss Enttäuschung?

Jeannot Ries
De Minister Romain Schneider schwätzt vun der gréisster Reform zanter den 90er. D'EU-Deputéiert vun déi Gréng, Tilly Metz gesäit kee Paradigmewiessel.
Reform vun der Europäescher Agrarpolitik
E Meilesteen oder awer grouss Enttäuschung?

Eng méi nohalteg Landwirtschaft. Méi Qualitéit um Teller. Kléng a Mëttelbetriber, respektiv jonk Baueren déi méi ënnerstëtzt solle ginn. Méi Autonomie fir d'Staaten. 3 Joer gouf no engem Kompromëss gesicht. No ganz komplexe Verhandlunge steet se elo op de Schinnen. Déi gemeinsam Europäesch Landwirtschaftspolitik fir déi d'Minister e Méindeg hei zu Lëtzebuerg gréng Luucht ginn hunn. D'Enveloppe ass impressionant: 387 Milliarden Euro fir 5 Joer.

Wärend dem Zäitraum vun 2021 bis 2027 wäerten eng 385 Milliounen Euro vu Bréissel, un d'Lëtzebuerger Baueren, Gäertner a Wënzer goen. Eng 55 Milliounen Euro d'Joer: "Dat ass schonn en Input. Wichteg ass dat ee virun allem elo, niert dem Nationale Strategie Plang kuckt, och iwwert d'Agrargesetz  cibléiert déi Moossnamen ze maachen, fir genau do ze hëllefen, wou eigentlech de Besoin och ass. "

Sou de Landwirtschaftsminister Romain Schneider dee wat d'Ëmweltkrittären ubelaangt, des Prezisioun gëtt: "Ëmmerhin hu mer hei um éischte Pilier e markante Prozentsaz vu 25%, déi musse fir Ëmwelt-Programmer genotzt ginn. Och dat ass awer hei zu Lëtzebuerg ee ganz groussen Effort deen do gemaach gëtt. Dir wësst dat mir bis elo scho ganz vill Efforte gemaach hunn am zweete Pilier. Iwwer Fräiwëlleg Moossnamen. An och do ass nach eng Kéier festgesat dat och hei musse 35% vun de Gelder, reservéiert ginn, fir effektiv Agro-Ëmweltmoossnamen, awer och Déiereschutz. An esou weider. "

En Typesch, Europäesche Kompromëss. Tëscht de Staaten, der EU Kommissioun an dem EU Parlament. Deen ënnert den Ambitioune vum Europa Parlament, an nach méi, ënnert dee vun de Grénge Politiker läit. Deemno och d'Reaktioun vun der Europadeputéierter Tilly Metz: "Well mir sinn nach ëmmer an dem Model dat haaptsächlech d'Subside gebonne sinn un d'Flächen, also fir et einfach ze soen, un d'Quantitéit, anstatt wierklech méi d'Qualitéit un ze erkennen." 

Um Enn géing et drëms Liewensmëttel, mat enger héijer Qualitéit ze produzéieren. Mat och am Viséier dem Wee vum Produzent bis op den Teller.

Méi Ënnerstëtzung sollen iwwer déi nächst Jore kléng Betriber kréien. Sou de Christophe Hansen, deen zu Bréissel mat um Verhandlungsdësch souz: "Dat ware ganz schwiereg Diskussiounen. Do hu mer Memberstaten an deenen et ganz grouss Bauerebetriber gëtt. Bal Agro-Industrië mat ganz grousse Monokulturen. D'Payements directs leien um Hektar. Déi kréien dann immens vill Suen. Fir eis ass et awer wichteg dat besonnesch deene gehollef gëtt déi et och wierklech brauchen. Dat sinn déi kléng Bauerebetriber." 

Och Jonk Baueren, déi bereet sinn de Beruff unzegoen, sollen ënnert d'Äerm gegraff kréien. "Mir brauchen nach viru Baueren, Wënzer a Gäertner déi um Terrain, déi am Stall schaffen. Mir mussen déi also mat an d'Boot huelen, dat mer iwwerhaapt des Ambitiéis gemeinsam Agrarpolitik ëmsetzen. Dat wäert den Déift sinn dee mir och als Ministere mussen elo agoen", sou de Romain Schneider.

Dës Agrarreform wier vu 27 Staaten, zesumme mat der Kommissioun an dem EU Parlament ausgeschafft ginn, géif de respektive Regierungen awer och méi Spillraum wéi soss loossen, fir National Strategie Pläng aus ze schaffen, déi et méiglech maachen...d'EU-Programmer cibléiert, op déi respektiv Specificitéite vun de Länner unzepassen.

Meng Landwirtschaft / Natur an Ëmwelt: Standarden an Ziler vun Agrarpolitik goufe mat Féiss getrëppelt

"Mir sinn enttäuscht vun der nei verhandelter gemeinsamer europäescher Agrarpolitik", dat seet d'Plattform "Meng Landwirtschaft", dorënner d'ASBL "Natur an Ëmwelt". (Hei dat komplett Schreiwes)

Ëmweltorganisatiounen a kritesch Agrar-Associatioune géinge bedaueren, datt Standarden an Zieler mat Féiss getrëppelt a verwässert gi wieren.

Vill direkt Subventioune wiere bestoe bliwwen an ökologesch Leeschtungen, déi d'Bauere mussen erbréngen, wieren net kloer genuch definéiert.

Vun engem Succès fir d'Ëmwelt an de Klimaschutz kéint op alle Fall keng Rieds goen.

Un de Landwirtschaftsminister Romain Schneider ass et op alle Fall den Appell, den nationale Spillraum deen et gëtt, sou gutt et geet auszenotzen.

Nei Gemeinsam Agrarpolitik an der EU: 385 Milliarden Euro u Subventiounen fir déi 5 nächst Joer

Back to Top
CIM LOGO