Retail ReportBeim Leerstand stabiliséieren d'Zuele sech

Pit Everling
D‘Surface commerciale läit zu Lëtzebuerg bei knapp 1,1 Millioune m². D'Verkafsfläch ass am Total gewuess, pro Awunner ass se awer zeréck gaangen. Ënner anerem dat ass am neie "Retail Report" ze liesen.

Weider Constate sinn: e Leerstand, dee sech stabiliséiert, eng gutt Evolutioun fir den Horeca-Beräich, awer eng Miwwel-Branche déi ënner der Immobiliekris leit. De véiert Rapport vum Detail-Commerce gouf e Méindeg de Moie vum Ekonomiesministère, dem Observatoire vun de Kleng- a Mëttelbetriber, der Luxembourg Confederatioun an der Chambre de Commerce presentéiert.

De Retail Report 2026 / Reportage Pit Everling

Et fält op, datt et grouss Ënnerscheeder jee no Secteur gëtt. An der Alimentatioun zum Beispill goufen zënter 2019 110 nei Butteker opgemaach, dat ass e plus vu ronn 20%. Besonnesch markant ass d‘Hausse am Discount-Beräich, do ass d‘Verkafsfläch ëm 40% erop gaangen. Och am Horeca-Secteur a virun allem an der Restauration rapide gouf et en zolitte Wuesstem. E Plus vun 43% zënter 2019. Den Tom Baumert, Direkter vun der Luxembourg Confederation:

“Horeca wéi och Alimentatioun oder Supermarché ginn an d’Luucht. Déi ginn u sech prozentual an d’Luucht mat der Bevëlkerungszuel.”

Eng ëmgedréint Evolutioun gouf et am Moude-Beräich. Hei sinn am selwechten Zäitraum 12% vun de Geschäfter verluer gaangen, seet de Rapport.

“An der Moud, do sinn iwwer 120 Geschäfter op sechs Joer verluer gaangen. Op där anerer Säit klëmmt awer d’Metercarrés-zuel an deene Beräicher. Dat heescht, déi Geschäfter ginn einfach méi grouss.”

© Andreas Nebeling / RTL

Da mécht nach en anere Secteur zënter enger Zäit Suergen.

“Déi lescht zwielef Méint gekuckt, gesäit ee kloer den Impakt vun der Immobiliekris op d’Miwwelhändler. Ech mengen do gesäit een eng reell ekonomesch Kris op där enger Säit an op där anerer Säit gesäit een d’Impakter och am Commerce. Déi, déi eeben no um Immobiliemarché sinn, an dësem Fall d’Miwwelhändler, ginn awer e ganz Stéck zréck.”

Mat engem Taux vu gutt 13% stabiliséieren d’Zuele sech beim Leerstand am Zentrum vun de Stied, respektiv se gi liicht erof. Dat si gutt Nouvellen, seet de liberalen Ekonomie- a Mëttelstandsmnister Lex Delles, dee frou ass, datt de Rapport entretemps als Referenz déngt un där ee sech orientéiert.

“Vill Gemenge gräifen ëmmer erëm op de Retail Report an op den Observatoire national zeréck, fir iwwert de Cadastre och ze gesinn, wéi eng Commercen hunn ech, wat brauch ech?”

D‘Luxembourg Confederation verweist iwwerdeems op de Cadastre de Commerce “Localyze.lu”. E Site, op deem Commerçanten ënner anerem Informatiounen doriwwer kréien op wéi enger Plaz et Sënn mécht sech néierzeloossen.


Dat ganzt Schreiwes iwwer de Retail Report um Site vum Ekonomiesministère.

Back to Top
CIM LOGO