Lëtzebuerg géing d'Pandemie finanziell gesi besser packen, ewéi erwaart. Mat minus 1,3% Réckgang vum PIB wier déi aktuell Kris och manner schlëmm wéi d'Finanzkris vun 2009. Dat geet aus den Analyse vum Conseil National des Finances publiques ervir. Och wann et der Ekonomie den Ëmstänn entspriechend net esou schlecht geet, hunn d'Staatsfinanzen awer e Coup kritt...
Mat engem Réckgang vun 19 bis 20 Prozent hunn déi gesamt Staatsfinanzen e graven Impakt gespuert. De Marc Wagener, President vum CNFP, erkläert sech dat esou: "Dat kënnt doduerch, dass d'Ekonomie abrupt stoung, dass einfach wärend e puer Wochen de Lockdown war. Et kënnt awer och dobäi, dass de Staat Sue mobiliséiert huet, fir der Kris ze begéinen, an deem en de Chômage partiel bezuelt huet oder Transferte gemaach huet un d'Haushälter an un d'Entreprisen."
Déi Krise wier an deem Sënn net typesch, esou nach de Marc Wagener. Et kéint ee mengen, mir hätten se schonn iwwerwonnen: "Mee an de Staatsfinanzen hat se e méi groussen Impakt wéi all déi Krisen, déi mir virdrunner kannt hunn."
Allgemeng wier d'Wirtschaftsleeschtung awer besser wéi erwaart. Am Hierscht hat den CNFP nach e méi negativen Zenario virgesinn. Et ass ee vun engem Réckgang vum PIB vu ronn 6 Prozent ausgaangen. De Minus vun 1,3 Prozent, op deem mir elo stinn, ass nach wäit dovunner fort. Wann d'Ekonomie nees rullt, kommen och méi Suen eran. Doduerch dass de Konsum virun allem zum Schluss vum Joer nees opgeholl gouf, konnt d'Joer 2020 awer net esou schlecht ofgeschloss ginn. E weidere Grond ass: "Dass déi Päck, déi opgeluecht goufen, fir d'Ekonomie ze stäipen, also de Stabilisatiounspak oder de Neistart Lëtzebuerg, do si mir am Dezember nach dovunner ausgaangen, dass méi Sue misste mobiliséiert ginn, wéi déi déi am Endeffekt reell och mobiliséiert goufen. Do kënnt och e gewëssenen Impakt hier, dass sech déi Situatioun elo besser ufillt a besser ausgesäit."
Mat engem bloen A dovu komm, och wann den Zentralstaat 3,3 Milliarden Euro Scholden opgeholl huet, fir d'Ekonomie sou gutt do stoen ze loossen: "Et ass schonn eppes, wat nach ni do war an dat ass scho relativ signifikativ, souguer ganz signifikativ. An et ass och eppes, wat e puer Joer brauch, fir erëm kënne kompenséiert ze ginn. Dir faalt méi séier vu 0 op 3,3 Milliarden, wéi der vun 3,3 Milliarden erëm op 0 kommt. Also esou gesinn ass et scho ganz erhieflech."
Am Verglach mat aneren europäesche Länner ass de PIB hei am Land awer duerch déi massiv Stäip vum Staat net esou wäit agebrach. Virun allem de Fait, dass déi lëtzebuergesch Ekonomie op finanziell Servicer fousst, déi vun der Kris net esou staark impaktéiert goufen, wier e Virdeel, esou nach de President vum CNFP. An dësem Secteur gouf et 2020 bei den Exporter souguer eng Hausse vun 2 Prozent.
D'CSV schwätzt sech och dofir aus, fir den Télétravail an d'Digitalisatioun weider auszebauen. Atouten, déi gehollef hätten, d'Ekonomie och an der Kris um Rullen ze halen. Ma och wann d'CSV sech mam Optimismus vum CNFP averstane weist, gouf et awer och Kritik un der Analys vun de Staatsfinanzen, esou de Gilles Roth CSV-Deputéierten.
Dat, wat méi negativ ass fir eis als CSV, ass awer, dass och op déi nächste Jore beim Zentralstaat en Defizit nach ëmmer ass vun enger Milliard Euro, wou awer keng Kris méi do ass. Wou mat engem Wirtschaftswuesstem vu 4 Prozent geschat gëtt. An dat gëtt eis awer ze bedenken. An mir kënnen net akzeptéieren, dass d'Leit elo, wéi si de leschte Samschden vum Staatsminister am Background gesot kruten, wéinst dem Defizit kann eng Steierreform net mat Scholde finanzéiert ginn. Nee, et ass un der Regierung, fir eng strukturell Reform vun hiren Ausgabe virzemaachen, esou dass d'Leit, a virun allem déi breet Mëttelschicht, och kënne steierlech entlaascht ginn.
Dëser Kritik wäicht den DP-Deputéierten André Bauler aus an legitiméiert d'Depense vun der Regierung:
D'Regierung huet decidéiert, och am Kader vum Relanceplang fir eben strategesch z'investéieren, an déi ekologesch a gréng Transitioun. Dat hu mer jo och gemaach andeems mer deen Emprunt opgeholl hunn am September vun 1,5 Milliarden. Deen Emprunt ass geduecht, fir Projeten am Ëmwelt- an Sozialen- sou wéi Gesondheetsberäich. Dat ass dee Wee, deen d'Regierung och gezielt wëll goen, fir dass mer déi Suen, déi geléint ginn, och do notzen, wou mer d'Ekonomie musse nei opstellen a se méi widderstandsfäeg maachen.
Wéi sech d'Staatsschold an de nächste Méint a Joren entwéckelt, géing awer mat der Entwécklung vun der Kris zesummen hänken.